Rentrée 2023

Rentrée 2023
Consignes spécifiques pour la rentrée des classes 2023   Accueil des classes et reprise des cours :   Classes de 7ᵉ : La cérémonie d’accueil des classes de 7ᵉ sera organisée le lundi 18 septembre 2023 à 08h00 au Lycée Nic-Biever. Les régents des classes de 7ᵉ se tiendront à disposition à l’endroit avisé au hall d’entrée, accueilleront les élèves et les accompagneront dans leur salle de classe. Un premier accueil et transfert d’informations durera environ une heure. Ensuite, les élèves participeront à un rallye organisé par le service éducatif.    Planning : Accueil Hall du bâtiment principal Site Alliance 08h00 7C1/7C2/7C3 7P 08h30 7G1/7G2/7G3/7G4   09h00 7G5/7G6/7G7/7G8   Vers 11h40 Restaurant scolaire Restaurant scolaire 14h30 Fin de l’accueil Fin de l’accueil   iPads : À partir de cette année, la signature des contrats de location de l’iPad se fera digitalement via « eduSign ». Nous vous demandons donc de vérifier votre adresse mail indiqué au secrétariat lors de votre inscription. Si cette adresse n’est pas correcte, veuillez s.v.p. en informer notre secrétariat dans les meilleurs délais. Si vous préférez signer le contrat à l’école, veuillez s.v.p. nous en informer en envoyant un mail à l’adresse .   Toutes les autres classes :... Read More

Summerschool 2023

Summerschool 2023
Summerschool 2023 Dest Joer fënnt déi 4t Editioun vun der Summerschool zu Lëtzebuerg statt. Se fënnt vum 04. – 08. September 2023 statt. D’Participatioun un der Summerschool ass fräiwëlleg a gratis.   Wat ass d’Summerschool? D’Summerschool ass eng Mesure fir méiglech schoulesch Retarden opzeschaffen. Et ginn ugebueden: Nohëllefscourse fir Schüler, déi een Noexamen am September hunn (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathé, Bio, Naturwëssenschaften, Chimie; Physik); Opfrëschungscoursë fir Schüler, déi schoulesch Retarden ophuele wëllen (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathé).   Wéi schreift een sech a fir d‘Summerschool am Lycée?  Schüler am Enseignement secondaire, oder Schüler, déi bei der Rentrée 2023 op der 7e ufänken, schreiwen sech direkt beim Sekretariat vum Lycée an. Dëst geschitt a Funktioun vun de fräie Plazen. Leschten Dag fir sech anzeschreiwen ass den 21. Juli 2023. Et gëtt keng extra Fiche d’inscription. Brengt einfach eng Carte d’identité mat fir d’Aschreiwung.   Wei gëtt d’Summerschool organiséiert? D’Summerschool fënnt an ëffentleche Lycéen, sou zum Beispill bei eis am LNB. D’Schüler kënnen sech fir maximal 2 Fächer aschreiwen. Fir all Cours sinn 10 Lektioune vu jee 50 Minutte virgesinn (Bléck vun 2 Lektioune). D’Coursë ginn gehal vun Enseignanten oder Unisstudenten. D’Schüler aus der Beruffsausbildung kënne u Coursë vun hiren Allgemengfächer... Read More

#UPBOOKING

#UPBOOKING
Gidd ären ale Schoulbicher eng zweet Chance!   Dir kënnt vum 03. – 10.07. är al Schoulbicher, déi dir net méi braucht an d’Bibliothéik brénge fir dass e Schüler aus enger méi niddereger Klass d’Buch nach emol benotze ka.   Um Schoulfest, den 11.07.23 kënnt dir dann bei de Stand “Upbooking” kucke kommen, ob e Buch fir är Klass do ass.   Fir all Buch dat dir vun engem anere Schüler huelt, an dofir kee neit bestellt, kritt dir vun ärer Librairie e Bong vu 50 % vum Neiwäert vum Buch. Domat kënnt dir Iech da flott Romaner, Mangaen etc. kafe.   Maacht eppes fir d’Ëmwelt, är Matschüler an äre Portmonni an ënnerstëtzt des Campagne vum MENJE. Read More

Speed Politics

Speed Politics
Speed Politics:   D’Wale sti virun der Dier. Dofir organiséiert den LNB de 9te Juni eng Speed Politics Ronn am Festsall vum Lycée.   Politiker aus de verschiddene Parteien aus de Gemengen Diddeleng, Réiserbann, Beetebuerg & Käl-Téiteng stinn Iech Ried an Äntwert.   Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!   Umelle kënnt dir Iech iwwert d’E-Mail: Read More

Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!”

Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!”
Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!” Den Theatergrupp vum LNB invitéiert Iech ganz häerzlech op d’Virstellung vum “So, wéi schwäz du mat mer!”   Den 8ten, 10ten an 11ten Mee féiert d’Theatergrupp vum LNB am Festsall vum Lycée hiert neit Stéck mam Numm “So, wéi schwätz du mat mer!” op.   An 11 ganz ënnerschiddleche Sketcher weisen d’Schülerinnen a Schüler aus der Theater-Acpta, wéi ënnerschiddlech Kommunikatioun fonctionéiert a wéi séier ee riskéiere kann, laanschteneen ze “schwätzen”, dëst souwuel op verbalem wéi nonverbalem Niveau.   Eng Rei vun de Stécker si souguer vun de Schülerinnen a Schüler selwer geschriwwe ginn. Loosst Iech dat net entgoen. D’Theaterstéck fënnt dest Joer och am Kader vum Mois du Respect statt, dee vun Ensemble Quartiers Dudelange, der Ville de Dudelange & Gender Equality – Dudelange am Mee organiséiert gëtt.     Reservéiert lo är Plaz: 51 60 31 600       Read More

Soirée Gourmande

Soirée Gourmande
Soirée Gourmande: Wäin, Kéis a Charcuterie Den Elterecomité vum LNB invitéiert Iech op seng Soirée Gourmande, den 10te Mäerz um 19:00 am Festsall vum LNB. Fir Iessen, Gedrénks, eng Tombola a musikalesch Animatioun ass gesuergt. Menu: Apéritif de Bienvenue Buffet Fromages & Charcuteries Salades mixtes (pommes de terre, betterave, céleri, carotte, verte, …) Café & Farandole de Desserts Präis: Präis / Erwuessener: 25€ Präis / Kanner: 15€ Gedrénks net abegraff   📆 Reservéiert är Plaz virum Méindeg, 6. Mäerz 2023 bei der Madamm Carla KOSER-SERRANO: +352 691716565 /   Bezuelen: mam Vermierk « Soirée Gourmande & Zuel vu Persounen » 👉 Payconiq: +352 621363848 – Sandy Blake 👉 Virement: LU34 0019 1055 5132 7000 (BCEE) – APELNB Read More

LNB Talks – Diskriminéierung an der lëtzebuerger Museksszene

LNB Talks – Diskriminéierung an der lëtzebuerger  Museksszene
E Freiden, den 24te Mäerz 2023 huet den LNBtalk “Diskriminéierung an der lëtzebuerger Museksszene” vun 10:15 bis 11:30 am klengen Auditoire vum Centre Culturel Régional Dudelange Opderschmelz stattfonnt. D’Artist*innen Nicool, Maale Gars, Chaild a Maz hunn iwwer hier Erfarungen mam Thema Diskriminéierung an der Lëtzebuerger Musekszeen geschwat. Ënner anerem gouf iwwer d’latent Homophobie am Zesummenhang mat der eegener Karriär bericht an doriwwer diskutéiert, ob ee Sexismus am Rap kann am Numm vun der Konscht excuséieren. Verschidde Klassen aus dem LNB ware live am CNA dobäi. Studenten vum BTS digital content woren derbäi an hunn den Event gefilmt. D’ganzt Gespréich kënnt dir iech op eisem YouTube Kanal ukucken: https://youtu.be/KNkKvllX1lE Invitéiert waren: Maale Gars (Rapper) CHAiLD (Elektropop Sänger & Songwriter) MAZ (Rapper) Nicool (Rapperin) Moderatioun: Noa DOMINIQUE Adnan SKRIJEL LNB Talk – Discrimination dans la scène musicale luxembourgeoise Le vendredi 24 mars 2023, un LNBtalk sur le sujet “Discrimination dans la scène musicale luxembourgeoise” s’est déroulée de 10h15 à 11h30 dans le petit auditorium du Centre Culturel Régional Dudelange Opderschmelz. Les artistes Nicool, Maale Gars, Child et Maz ont parlé de leurs expériences sur le thème de la discrimination dans la scène musicale luxembourgeoise. Entre autres choses, l’homophobie latente liée à sa propre carrière a été signalée... Read More

BTS Bubble Soccer Tournoi

BTS Bubble Soccer Tournoi
BTS Bubble Soccer Tournoi D‘Klass vum BTS Digital Content organiséiert den 20. Dezember 2022 e Bubble Soccer Tournoi am Hall René Hartmann zu Diddeleng.   D‘Schüler vu 7e bis 1e kennen sech bis zum 12. Dezember als Equipe vu 4 Leit, um Site bubblesoccer.lnbd.lu aschreiwen.   D’Klassen, déi den 20. Dezember nach Cours hunn, mussen hier Proffen em Erlabnis froen, fir beim Tournoi matzemaachen.   All Schüler muss sech 1 bis 2 Pättere sichen, déi jeeweils minimum 5 € spenden. Den Don gëtt iwwer Payconiq mat der Mentioun op d’Telefonsnummer 691 720 461 iwwerwisen.   D’Suen déi erakommen ginn fir e gudden Zweck un d’Association Amensty International gespent.   🎁 D‘Gewënner kréien ee Cadeau 🎁 Read More
1 2 3 4 6