Activités parascolaires – ACTPA

Il existe au lycée une multitude d’activités parascolaires (ACTPA) qui se déroulent les après-midis de 14h35 à 16h20. L’offre est présentée aux élèves à l’aide d’une foire au début de l’année scolaire. Les activités parascolaires débuteront dans la première semaine d’octobre.

Kachen

Mme Belleville, Mme Hansen, Mme Kettel, M. Pallucca

Interesséiers du dech fir einfach a gutt Rezepter oder kanns deemno wéi scho kachen? Dann bass du genau richteg an der Activité parascolaire “Kachen”. Mir kachen no der Schoul zesummen an probéieren nei, einfach a séier Rezepter aus.

Baken

(Mme Baki, Mme Mušovic)

Du wëlls gäre bake léieren? Da komm an d’Baken Actpa. Hei léiers du ënnert anerem wéi ee Muffins, Kuchen, Panescher a Wäffelcher selwer mëscht.

Beauty (ab dem 2. Trimester)

(Mme Baki)

Dëst ass eng Actpa, déi de Schüler bäibréngt eegestänneg Kosmetikartikelen (z.B. Lipgloss, Seefen, Crèmen, Duschgel…) hierzestellen.

1.Hëllef

(M. Baden)

Am Éischt-Hëllef-Team léiers Du wat’s du solls maachen, wann et zu enger medezinescher Urgence kennt. Nieft engem Éischt-Hëllefs-Cours a villen Übunge gëtt och Wëssen zu heefege Krankheete vermëttelt. D’Zil vun dëser Aktivitéit ass et, eng Equippe vu Secouristen am LNB ze hunn, déi am Noutfall kéint agräifen, virun deem eng Ambulanz sur Place ka sinn.

Theater (Freides)

(Mme Grün, Mme Lorang, Mme Ury)

D’Theater Actpa ass fir all Schüler, déi Loscht hunn als Schauspiller bei engem Theaterstéck op der Bün ze stoen.

Orchester (vu 7e bis 1re)

Denschdes vun 14:40 – 16:00 am Museksall (Mme Mohr)

Spills du en Instrument an hues Loscht mat denge Matschüler*innen zesumme Musek ze maachen, dann komm an eise Schülerorchester. Méiglech Instrumenter sinn: Holz- /Blechblos- / Sträichinstrumenter oder Perkussioun. Wichteg: du muss Noute liese kennen. Geplangt sinn Optrëtter bei der Theateropféierung an op der Präisiwwerreechung.

Couture

(Mme Ferreira da Silva)

An dëser ActPa léieren d’Schüler*inne verschidden Technike fir selwer eppes Ganzes bitzen ze kënnen.

Makerspace

(M. Dué, M. Schartz)

Hues du jee eng Plaz gesicht wous du dech iwwert Iddien oder Projeten austauschen kanns? Villäicht brauchs du Accès op High-Tech Maschinnen, sou wéi en 3D Printer oder e Laser Cutter? Dann ass de Makerspace déi Plaz déi du sichs!

Mérite Jeunesse

(M. Kohn, Mme Kerschen)

Fir bei Mérite Jeunesse matzemaachen, sicht sech all Jonken a 4 Beräicher Zieler eraus. Den Enseignant begleet hien/hatt an der Ëmsetzung vun sengen Zieler.

Déi 4 Beräicher sinn:

  1. Bénévolat: sech fir aner Leit asetzen
  2. Expeditioun: Sech an der Natur orientéieren
  3. Talent: en Talent entwéckelen
  4. Sport: kierperlech Aktivitéit verbesseren

Plotter a Lasercutter

(Mme Hebbert)

Sidd dir bereet fir är Kreativitéit ze entfesselen? Kommt an eis Plotter a Lasercutter ACTPA! Dir kënnt Holzarbechten, originell Stickeren, eenzegaarteg Puzzelen an aner spannend Projeten entwéckelen. Entdeckt nei Techniken, dréckt är Perséinlechkeet duerch d’Konscht aus an entdeckt dat gewaltegt Potenzial vun dëse Maschinnen. Bis geschwënn am kreativen Atelier!

Schülercomité

(Mme Belleville, Mme Olivieri)

Am Schülercomité kriss du d’Méiglechkeet dech fir d’Interessien vun denge Kolleegen am LNB anzesetzen.

« Ech gi Babysitter » (am 2. & 3. Trimester)

(Mme Thill) Haus16, vun der 5ième un, max. 20 Schüler

D’Responsabilitéit vum Babysitter ass d’Wuelbefanne vum Kand ze garantéieren, wärend d’Elteren net doheem sinn. Als Participant vun der Actpa léiers du wéi ee Wëndele wiesselt, Iesse fir d’Kand präparéiert a kacht, a wéi eng Spiller fir verschidden Altersgruppe gëeegent sinn. Du gëss och sensibiliséiert iwwert d’Risiken an d’Geforen déi geschéie kënnen, a wéis du an enger Noutsituatioun richteg reagéiere kanns. All Participant, deen de Cours reegelméisseg matmëscht, kritt en Diplom, dee vun der Gemeng Diddeleng ausgestallt gëtt.

Gesellschaftsspiller (Méindes)

(Mme Anastasi, Mme Ury)

An dëser Actpa kanns du zesummen mat anere Schüler Gesellschaftsspiller spillen. Léier nei Spiller kennen, verbesser deng sozial Kompetenzen a verbréng eng flott Zäit.

Sport

(Sportsproffen)

Informéiert dech iwwert déi verschidden Sports Aktivitéiten an der Sportshal oder bei dengem Sportsproff.

Mountain Bike + (max. 10 Schüler)

(M. Kohn)

Eng flott Kombinatioun tëscht Mountainbike an sech mam GPS an der Natur erëmfannen. (De + steet vir d’GPS Geräter). Ofwiesselend soll ee Schüler virfueren fir d’Orientéierung um Terrain ze léieren. Eng Randonnée an de Championnat stinn och um Programm.

Self-Defense fir Meedecher an Zesummenarbecht mat der ALMA Academy vun Diddeleng

(Mme Belleville, M. Pallucca)

Bei der Self-Defense geet et drëms e Grupp fir Meedercher ze grënnen, fir d’Selbstvertrauen ze entwéckelen a grondleeënd Gesten zur Selbstverdeedegung ze léieren, fir de Fall vun enger kierperlechen Aggressioun. D’Meedercher léieren hir Ängschte kennen a léieren se ze benotze fir sou séier wéi méiglech geféierlech Situatiounen ze erkennen.

Chineesesch Kueren (fir Ufänger & Fortgeschrëttener)

(Mme Wang)

An dëser Actpa kanns du déi chineesesch Kultur & Sprooch hautno erliewen a villes spilleresch léieren: déi chineesesch Schrëft, Kalligraphie, d’Iessen, Philosophie… a natierlech och déi chineesesch Sprooch fir am Alldag ze kommunizéieren. Et handelt sech em e Virbereedungskuer fir de chineeseschen Sproochekuer.

Schach

(M. Feyder)

Schach ass e strategescht Brietspill, an deem zwee Spiller d’Figuren op engem Spillbriet beweegen. D’Zil vum Spill ass et de Géigner Schachmatt ze setzen, dat heescht, säi Kinnek esou unzegräifen, datt hien net fäeg ass sech selwer ze verdeedegen oder ze flüchten.

Download d’Broschür hei