3GCM1 – 2. Präis beim Innovation Camp (Jonk Entrepreneuren)

Den Alexandre Matos, Reda Radouane, William Ferreira, Alejandro Vivas, Bryan Silva an Patrick Costa vun der 3GCM1 hun den 17.Februar um Innovation Camp vun den Jonken Entrepreneuren deelgeholl. Den Business Challenge deen se vun der ING Bank lancéiert kruten war: “Gesellschaft huet nëmmen nach 15 Joër fir ze réagéieren! Proposéiert eng Start-up fir Probleemer wéi ënner anerem Emwëltschutz, Energieverbrauch, Logementspräissdéirecht ze léisen.” Bravo un den William an seng Grupp déi den 2.Präis gewannen konnten! 🎉