Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!”

Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!”
Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!” Den Theatergrupp vum LNB invitéiert Iech ganz häerzlech op d’Virstellung vum “So, wéi schwäz du mat mer!”   Den 8ten, 10ten an 11ten Mee féiert d’Theatergrupp vum LNB am Festsall vum Lycée hiert neit Stéck mam Numm “So, wéi schwätz du mat mer!” op.   An 11 ganz ënnerschiddleche Sketcher weisen d’Schülerinnen a Schüler aus der Theater-Acpta, wéi ënnerschiddlech Kommunikatioun fonctionéiert a wéi séier ee riskéiere kann, laanschteneen ze “schwätzen”, dëst souwuel op verbalem wéi nonverbalem Niveau.   Eng Rei vun de Stécker si souguer vun de Schülerinnen a Schüler selwer geschriwwe ginn. Loosst Iech dat net entgoen. D’Theaterstéck fënnt dest Joer och am Kader vum Mois du Respect statt, dee vun Ensemble Quartiers Dudelange, der Ville de Dudelange & Gender Equality – Dudelange am Mee organiséiert gëtt.     Reservéiert lo är Plaz: 51 60 31 600       Read More

BTS Bubble Soccer Tournoi

BTS Bubble Soccer Tournoi
BTS Bubble Soccer Tournoi D‘Klass vum BTS Digital Content organiséiert den 20. Dezember 2022 e Bubble Soccer Tournoi am Hall René Hartmann zu Diddeleng.   D‘Schüler vu 7e bis 1e kennen sech bis zum 12. Dezember als Equipe vu 4 Leit, um Site bubblesoccer.lnbd.lu aschreiwen.   D’Klassen, déi den 20. Dezember nach Cours hunn, mussen hier Proffen em Erlabnis froen, fir beim Tournoi matzemaachen.   All Schüler muss sech 1 bis 2 Pättere sichen, déi jeeweils minimum 5 € spenden. Den Don gëtt iwwer Payconiq mat der Mentioun op d’Telefonsnummer 691 720 461 iwwerwisen.   D’Suen déi erakommen ginn fir e gudden Zweck un d’Association Amensty International gespent.   🎁 D‘Gewënner kréien ee Cadeau 🎁 Read More

Diplomiwwerreechung 2022

Diplomiwwerreechung 2022
De 7. Juli 2022 kruten 109 Primaner aus dem Lycée Nic-Biever hiren Ofschlossdiplom, a Präsens vum Buergermeeschter Dan Biancalana, dem Här Marc Michely vum MENEJ, souwéi villen Enseignanten a Familljememberen, iwwerreecht    Mir gratuléieren a wënschen hinnen alles Guddes op hirem Wee. E grousse Merci och un d’Museker an eis Moderatoren déi dësen Owend sou schéin encadréiert hunn.     Read More

Theaterstéck “Super Dudes & Dudettes”

Theaterstéck “Super Dudes & Dudettes”
Theaterstéck “Super Dudes & Dudettes” Den Theatergrupp vum LNB invitéiert Iech ganz häerzlech op d’Virstellung vum “Super Dudes & Dudettes”.   Ganz normal Schüler am LNB stelle fest, datt si guer net esou normal sinn… E Stéck iwwert ganz normal Superhelden.   Wéini: den 10. Mee, 12. Mee, 13. Mee ab 19:30 Wou: am Festsall vum LNB   Wann dir Iech umelle wëllt, da kontaktéiert eis: ☎️ per Telefon: 516031-600 📧 per E-Mail:       Read More

Help Ukraine!

Help Ukraine!
Help Ukraine! Mir wëllen als LNB eisen Deel dozou bäidroen, dass déi Leit, déi hiert Doheem hu musse vun haut op muer verloossen fir Schutz ze sichen, zumindest dat Allernéidegst hunn.   Hei fannt dir eng Lëscht mat Artikelen déi dréngend gebraucht ginn.   Iwwert déi nächst zwou Wochen sammele mir dës um Haaptsite an op der Alliance.   Den Transport vun de Saachen gëtt assuréiert vum Här Goslitski https://play.rtl.lu/shows/lb/journal/episodes/r/3280171 (Video ab der 4ter Minutt)         Read More

Plooschter Projet

Plooschter Projet
Den 9ten November kënnt d’Plooschter ASBL bei eis an de Lycéee vun 08:00 – 15:30. All 15 Minutten kritt z.B. an Däitschland een Mënsch d‘Diagnose: Bluttkriibs, eng Krankheet déi jiddereen kréien kann, ob SportlerIn, Collège, Frënn/Frëndin, Familljemember. Déi Krankheet ass dacks heelbar, mee vill vun hinnen brauchen fir kennen ze iwwerliewen eng Stammzellentransplantatioun. Dofir brauche mer DECH am Kampf géint den Bluttkriibs. Vläicht sinn genee DENG Stammzellen d‘Rettung fir een BluttkriibsPatient.   Critèren fir kennen STAMMZELLESPENDER ze ginn: Tëschent 18 a 40 Joer al sinn (16 a 17-järeg nëmmen mat Averständniserklärung vun den Elteren) Méi wéi 50kg weien Als Fra maximal 2 Schwangerschaften Gesond sinn (Een Gesondheetsformulaire ausfëllen) Lëtzebuerger bzw. Daitsch Nationalitéit/Wunnsëtz hunn Wann´s de d‘Critèren erfëlls, dann kanns DU op der Platz eng Bluttanalyse maache loossen. Domat kenns DU dann an déi weltwaït Datebank, an bass domat disponibel fir engem Mënsch mat Bluttkriibs eng Chance op d´Iwwerliewen ze ginn. Read More
1 2