Am « Preparatoire » sëtzen vill Schüler, deenen hier negativ Erfarungen an der Schoul sech leider accumuléieren. Am LNB ginn sech scho säit ganz laangem Gedanke gemaach, wéi een dëse Schüler d’Freed um Schoulalldag kann nawell e Stéck wäit zeréck ginn.

An deem Sënn muss een sech och trauen, mat de klasseschen Schoulstrukturen an Horairen ze briechen, aus den Gebailechkeeten eraus an d’Welt ze goen, oder d’Dieren fir ausserschoulesch „Experten“ opzemaachen.

Ganz oft gëtt dat iwwert de Wee vu kulturelle Projeten versicht. Ganz besonnesch ënnert der Leedung vum Jim Goerres, deemolegen Chargé de direction an duerno Directeur adjoint, gouf Kultur ëmmer ganz grouss geschriwwen. Den LNB war ëmmer Virreider an ee vun deenen éischte Lycéeën am Land déi bei sämtleche Projeten zolidd Vir- an Opbauaarbecht geleescht hunn.

Hei just eng Auswiel vun deenen gréissten Projeten déi bis elo stattfonnt hunn oder nach ëmmer stattfannen:

  • Et goufen Atelieren a Kooperatioun mat den ASTM (Action Solidarité Tiers Monde) ugebueden. Heibäi hunn Artisten aus Drëtt-Welt-Länner de Schüler en Abléck an d’Liewen an hirer Heemecht ginn a Verbindung mam Astudéieren vun engem Optrëtt a verschiddenen Disziplinnen. Dozou hunn z.B. Djembé, indeschen Theater a Capoeira gehéiert
  • De Projet „Stop & Go“ gouf fir d’IPDM-Klass an d’Schoul geholl, wou Schüler iwwer Biografieaarbecht sech hirer Perséinlechkeetsentwécklung bewosst solle ginn
  • Beim Hip Hop Marathon huet den LNB säit der éischter Editioun matgemaach, an all den Disziplinen: Graffiti, Rap an Hip Hop Danz. Hei gëtt sech op artistesch Aart a Weis mat der Hëllef vun Artisten mat verschiddenen Themen auserneegesat an de Rap, den Danz oder de Graffiti ginn dann op „Concerten“ an de Rotonden, an der Kulturfabrik an am Mierscher Kulturhaus virgedroen.
  • Den LNB hëlt och reegelméisseg op Eegeninitiativ lëtzebuerger Artisten an d’Schoul, déi iwwer Wochen mat de Schüler un enger Produktioun schaffen. Ënner anerem goufen heibäi Miwwelstécker fir an eise Schoulhaff an Zesummenaarbecht mam Architekt an Designer Eric Marx entworf a gebaut. An Zesummenaarbecht mam Kënschtlerkollektiv „Atelier D“ goufen Atelieren mat etabléierten Artisten ugebueden.
  • Last but not least, de Projet „ID“ an Zesummenaarbecht mat de Rotonden an dem Ministère de l’Education Nationale. E groussen, erfollegräichen Theaterprojet, wou den LNB ganz fréi mat erageklommen ass an un den mir vill schéin Erënnerungen hunn. Den Héichpunkt heibäi war sécherlech d’Editioun vun 2013, „ID: La poupée bleue“ mat där mir an de Rotonden, zu Maarnech an zu Diddeleng opgetruede sinn. Den LNB hat hei en Zirkusgrupp den mat Hëllef vum Jorge Pinto an ënnert der Regie vum Mila Trausch, artistesch Einlagen an d’Theaterstéck agebaut hunn. „ID: La poupée bleue“ gouf mam „Kinder zum Olymp“-Präis zu Berlin ausgezeechent.

 

Vun all dëse Projeten sinn eis eng Jett positiv Erfarungen an Erënnerungen zeréckbliwwen, déi eis inspiréiert hunn an eis motivéieren op dësem Wee wieder ze fueren. Den LNB huet sech an dësem Beräich esou weiderentwéckelt, dass mir eis zoutrauen selwer grouss „Arts-sur-scène-Projeten“ ze stemmen. An dëst ganz besonnesch duerch d’Arbecht vun engagéierten Enseignanten. Déi éischt grouss Erfarung, den „Ausfallschrëtt“ war e groussen Erfolleg. Déi nächst Aventure, „Dieren“ steet schonn an de Startlächer. D’Erfarungen, d’Erënnerungen, déi perséinlech kleng Erfolleger vun eise Schüler, d’Zeitungsartikelen, d’Videoreportagen an natierlech den Applaus, sinn d’Energiequell fir esou ambitionéiert Projeten wieder duerchzezéien.