Engineering Trainee Days

D’Engineering Trainee Days vu Jonk Entrepreneuren richt sech u Schüler vun 16 Joer un. D’Schüler mussen mindestens op enger 3ième am Enseignement Secondaire Classique oder Général sinn. Dëse Projet gëtt et säit 2011 an promote d’Karriär vum Ingenieur & Wëssenschaftler.

Déi Jonk kréien en Abléck an den Schaffdag vun dësen Beruffer a kréien eng Idee dovun wat vir professionell, linguistesch a relationell Fäegkeeten Sie brauchen, wann Sie dësen Wee aschloen wëllen.

Engineering Trainee Days si méi wéi nëmmen eng Visitt vun enger Entreprise. De Schüler begleet den Ingenieur wärend zwee ganzer Deeg op senger Aarbecht.

Period: 2 Deeg am Oktober/November

 

jonk-entrepreneuren-logo