Mini-Entreprises

De Projet “Mini-Entreprises” riicht sech u Lycée Schüler aus dem Enseignement Secondaire Générale an dem Secondaire Classique.

Schüler am Alter vu 15 bis 19 Joer kënnen um Projet deelhuelen.

Wärend engem Joer sinn d’Schüler responsabel vir eng Mini-Entreprise, mussen Entscheedungen treffen an d’Responsabilitéit dofir iwwerhuelen. Den Enseignant huet leedeglech d’Roll vun engem „Coach“. D’Schüler sollen aktiv Rollen an hirem Projet iwwerhuelen. Vir de professionellen Déroullement vum Projet sécherzestellen, hëllefen och extern Conseilleren a Coachen de Schüler bei hirem Projet. Sie hëllefen zum Beispill dobäi de Produit eraus ze sichen, eng Assemblée Générale ze organiséieren etc.

D’Schüler léieren den Entrepreneurship duerch Formatiounen méi genau kennen an entdecken verschidde Beräicher vun Entreprisen (Marketing, Verkaasstrategien…).

Déi beschten Projeten ginn eemol am Joer am Forum des Mini-Entreprises ausgezeechent.

D’Schüler kënnen hier Fäegkeeten testen beim «Entrepreneurial Skills Pass» an de Programm Mini-Entreprise ass eng excellent Base vir de Programme Young Entreprise Project.

 

Hei e puer Beispiller vu Mini-Entreprisen aus dem LNB:

baggimalpop-the-bubbles four-seasons-bottle

  • Baggimal: Dës Entreprise mëscht d‘Leit op Déieren opmierksam déi vum ausstierwen bedrot sinn. Vir dëst ze erreechen hunn Kottengs Kierf verkafen mat Biller drop vun Déieren déi vum ausstierwen bedrot sinn.
  • Cooking Ladies: Dës Entreprise, bestoend aus 6 jonken Dammen hunn Kachbicher rausbruecht mat Rezepter vir nozekachen aus 8 verschiddenen Kulturen
  • EcoHemply: Dës Entreprise, déi vun 8 Meedecher & jongen gegrënt gouf stellt Kosmetik Produiten op Basis vun Hanf hier déi gut vir d’Haut an d’Emwelt sinn.
  • Four Seasons Bottle: Dës Entreprise déi vu 4 Schüler aus dem LNB an d’Liewen geruff gouf, huet d’Ziel gliesen Fläschen, déi vu Restauranten a Caféen gebraucht goufen, ze recycléieren. Sie hunn d’Fläschen agesammelt, dekoréiert & personaliséiert vir se dono nees ze verkafen.
  • Pop the Bubbles: Dës Mini-Entreprise, aus 8 Schüler produzéiert artisanal Seefen a fest Shampoingen, mee och Kosmetik Artikelen déi kee Palmenueleg benotzen. En Deel vun de Fongen geet un eng Associatioun déi sech vir d‘Iwwerliewen vun de Beien asetzt.