Peermediation

Die Schüler erhalten eine Ausbildung zum Streitschlichter und vermitteln zwischen Schülern bei Konflikten. Ebenso wird dann in den 7e und 6e Klassen durch Aktivitäten wie z.B. Interventionen im Tutorat ein harmonisches Miteinander gefördert.

Wat ass eng “Mediatioun”?

Mediatioun ass e Verfahre fir konstruktiv Konfliktléisungen. Wiertlech iwwersat bedeit Mediatioun „Vermëttlung“. Bei enger Mediatioun versichen d’Sträitparteie fräiwëlleg, ënnert der Leedung vun enger neutraler Persoun (=Mediateur), gemeinsam eng akzeptabel, fair, realistesch an ausgeglache Léisung fir hire Konflikt ze fannen. Eng gelongen a wirksam Mediatioun berout virun allem op en-gem gerechten a respektvollen Ëmgang tëschent de Bedeelegten. D’Zil ass zesumme Léisungen ze fannen, an net eng Konfliktpartei als schëlleg oder onschëlleg ze beuerteelen (Win-Win-Strategie).

Wat ass eng „Peer-Mediatioun”?

„Peer“ bedeit gläichaltreg, am selweschten Alter. Eng Peer-Mediatioun ass eng Vermëttlung bei Sträitfäll, déi vun ausge-bilte Schülerinnen a Schüler duerchgefouert gëtt.

Dir hutt Sträit? Gëtt et Stress op ärer Klass? Wëllt dir ee Konflikt léisen, mee iech kengem Erwuessenen uvertrauen?

Da probéiert Peer-Mediation aus! Ëmfrot iech einfach bei ärem Régent oder beim SePAS. Oder frot iech d’Mediatioune per E-Mail un:

Dir hutt Froen zum Projet „Peer-Mediation“? Wëllt dir Peer-Mediateur ginn? Braucht dir eng Opklärung zum Thema Konflikter a Konfliktléisung? 

Dëst a wieder Informatioune kënnt dir vun den Haapt–verantwortleche vum Projet kréien. Schreift ons einfach eng E-Mail: