Klimawandel, Äerderwiermung, vun Plastik a Chemikalien verseuchten Ozeaner. Global Problemer, déi Ängschten a Suergen bei villen SchülerInnnen ausliesen an dacks zu engem Bewusstseinswandel a puncto Ëmweltpolitik an Ressourcenëmgang feieren. An dëser global Debatt ginn awer dacks déi klengsten Liewewiesen vernoléissegt, déi awer en elementaren Beitrag am Naturkreeslaf leeschten, nämlech d’Insekten.

 

insektenhaus

 

Dowéinst hunn d’SchülerInnen vun der 7G4 sech am Laf vun hirer Projektwoche mam Thema Insektenstierwen beschäftegt. An Zesummenaarbecht mat «natur&ëmwelt» hunn si déi wesentlech Aufgaben vun engem Imker kennegeléiert, d’Roll vun den Insekten analyséiert an en Insektenhotel ugefäerdegt, soudatt dës wichteg Liewewiesen och an Zukunft hiren zentralen Beitrag am biologeschen Kreeslaf erfëllen kennen.

 

insektennest