Den LNB beim Relais pour la vie

Den LNB beim Relais pour la vie
Relais pour la vie (27. & 28. Mäerz 2021)     Dëst Joer wäert den Relais pour la Vie net an senger traditioneller Form stattfannen, mee an enger virtuell Form. Et dierf een a Corona Zäiten net vergiessen, dass et net nëmmen de Corona Virus gëtt, an dass mir ons nach ëmmer em déi Leit an hir Matmënschen suergen sollen, déi vum Kriibs betraff sinn.   Sief Deel vun der LNB Equippe Och bei enger virtueller Versioun derbäi ze sinn, beweist dass mir ons am LNBD zesummen staark maachen an sou en Zeechen vun Solidaritéit setzen. Déi virtuell Versioun bréngt och Virdeeler mat sech, well mir als Equippe vill méi flexibel sinn an kee méi an der Nuecht lafen muss. Mir mussen just am ganzen déi 24 Stonnen lafen/trëppelen/joggen/pedalléieren an dëst Joer gëtt et och kee Maximum u Leit an enger Equippe.   Mellt Iech un https://monespace.relaispourlavie.lu/participant/register/0cd255ae-26aa-4349-8064-ab96d9fd3d6f   Don maachen https://monespace.relaispourlavie.lu/trophees/2021/444   Weider Informatiounen fannt dir op https://www.relaispourlavie.lu/ Read More