Plooschter Projet

Plooschter Projet
Den 9ten November kënnt d’Plooschter ASBL bei eis an de Lycéee vun 08:00 – 15:30. All 15 Minutten kritt z.B. an Däitschland een Mënsch d‘Diagnose: Bluttkriibs, eng Krankheet déi jiddereen kréien kann, ob SportlerIn, Collège, Frënn/Frëndin, Familljemember. Déi Krankheet ass dacks heelbar, mee vill vun hinnen brauchen fir kennen ze iwwerliewen eng Stammzellentransplantatioun. Dofir brauche mer DECH am Kampf géint den Bluttkriibs. Vläicht sinn genee DENG Stammzellen d‘Rettung fir een BluttkriibsPatient.   Critèren fir kennen STAMMZELLESPENDER ze ginn: Tëschent 18 a 40 Joer al sinn (16 a 17-järeg nëmmen mat Averständniserklärung vun den Elteren) Méi wéi 50kg weien Als Fra maximal 2 Schwangerschaften Gesond sinn (Een Gesondheetsformulaire ausfëllen) Lëtzebuerger bzw. Daitsch Nationalitéit/Wunnsëtz hunn Wann´s de d‘Critèren erfëlls, dann kanns DU op der Platz eng Bluttanalyse maache loossen. Domat kenns DU dann an déi weltwaït Datebank, an bass domat disponibel fir engem Mënsch mat Bluttkriibs eng Chance op d´Iwwerliewen ze ginn. Read More