Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!”

Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!”
Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!” Den Theatergrupp vum LNB invitéiert Iech ganz häerzlech op d’Virstellung vum “So, wéi schwäz du mat mer!”   Den 8ten, 10ten an 11ten Mee féiert d’Theatergrupp vum LNB am Festsall vum Lycée hiert neit Stéck mam Numm “So, wéi schwätz du mat mer!” op.   An 11 ganz ënnerschiddleche Sketcher weisen d’Schülerinnen a Schüler aus der Theater-Acpta, wéi ënnerschiddlech Kommunikatioun fonctionéiert a wéi séier ee riskéiere kann, laanschteneen ze “schwätzen”, dëst souwuel op verbalem wéi nonverbalem Niveau.   Eng Rei vun de Stécker si souguer vun de Schülerinnen a Schüler selwer geschriwwe ginn. Loosst Iech dat net entgoen. D’Theaterstéck fënnt dest Joer och am Kader vum Mois du Respect statt, dee vun Ensemble Quartiers Dudelange, der Ville de Dudelange & Gender Equality – Dudelange am Mee organiséiert gëtt.     Reservéiert lo är Plaz: 51 60 31 600       Read More