#UPBOOKING

#UPBOOKING
Gidd ären ale Schoulbicher eng zweet Chance!   Dir kënnt vum 03. – 10.07. är al Schoulbicher, déi dir net méi braucht an d’Bibliothéik brénge fir dass e Schüler aus enger méi niddereger Klass d’Buch nach emol benotze ka.   Um Schoulfest, den 11.07.23 kënnt dir dann bei de Stand “Upbooking” kucke kommen, ob e Buch fir är Klass do ass.   Fir all Buch dat dir vun engem anere Schüler huelt, an dofir kee neit bestellt, kritt dir vun ärer Librairie e Bong vu 50 % vum Neiwäert vum Buch. Domat kënnt dir Iech da flott Romaner, Mangaen etc. kafe.   Maacht eppes fir d’Ëmwelt, är Matschüler an äre Portmonni an ënnerstëtzt des Campagne vum MENJE. Read More