Summerschool 2023 Dest Joer fënnt déi 4t Editioun vun der Summerschool zu Lëtzebuerg statt. Se fënnt vum 04. – 08. September 2023 statt. D’Participatioun un der Summerschool ass fräiwëlleg a gratis. Wat ass d’Summerschool? D’Summerschool ass eng Mesure fir méiglech schoulesch Retarden opzeschaffen. Et ginn ugebueden: Nohëllefscourse fir Schüler, déi een Noexamen am September hunn (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathé, Bio, Naturwëssenschaften, Chimie; Physik); Opfrëschungscoursë fir Schüler, déi schoulesch Retarden ophuele wëllen (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathé). Wéi schreift een sech a fir d‘Summerschool am Lycée? Schüler am Enseignement secondaire, oder Schüler, déi bei der Rentrée 2023 op der 7e ufänken, schreiwen sech direkt beim Sekretariat vum Lycée an. Dëst geschitt a Funktioun vun de fräie Plazen. Leschten Dag fir sech anzeschreiwen ass den 21. Juli 2023. Et gëtt keng extra Fiche d’inscription. Brengt einfach eng Carte d’identité mat fir d’Aschreiwung. Wei gëtt d’Summerschool organiséiert? D’Summerschool fënnt an ëffentleche Lycéen, sou zum Beispill bei eis am LNB. D’Schüler kënnen sech fir maximal 2 Fächer aschreiwen. Fir all Cours sinn 10 Lektioune vu jee 50 Minutte virgesinn (Bléck vun 2 Lektioune). D’Coursë ginn gehal vun Enseignanten oder Unisstudenten. D’Schüler aus der Beruffsausbildung kënne u Coursë vun hiren Allgemengfächer...
Read More