Activités parascolaires 2025 -2026

Activités parascolaires 2025 -2026
Activités parascolaires 2025 – 2026 Umeldung Dëst Joer kann een sech fir d’Activités parascolaires iwwert de WebUntis umellen. D’Aschreiwunge gi prinzipiell bis den 26. September. Méi spéit Aschreiwungen sinn awer och nach méiglech.  Wéi dat geet, gesitt dir an dësem Guide.     Déi meeschten Activités parascolaires fänken an der Woch vum 6. Oktober 2025 un.   Guide fir sech unzemellen         Videoen & Beschreiwungen   « Ech gi Babysitter » (am 2. & 3. Trimester, Donneschdes vu 14:35 – 16:20 am Sall B03) (Mme Thill) vun der 5ième un, max. 20 Schüler D’Responsabilitéit vum Babysitter ass d’Wuelbefanne vum Kand ze garantéieren, wärend d’Elteren net doheem sinn. Als Participant vun der Actpa léiers du wéi ee Wëndele wiesselt, Iesse fir d’Kand präparéiert a kacht, a wéi eng Spiller fir verschidden Altersgruppe gëeegent sinn. Du gëss och sensibiliséiert iwwert d’Risiken an d’Geforen déi geschéie kënnen, a wéis du an enger Noutsituatioun richteg reagéiere kanns. All Participant, deen de Cours reegelméisseg matmëscht, kritt en Diplom, dee vun der Gemeng Diddeleng ausgestallt gëtt. Start: 2. Trimester (Grupp 1) & 3. Trimester (Grupp 2)   Chineesesch Kueren (Level A0: Freides vu 14:35 – 16:20 / Level A1.1: Mëttwochs vu 14:35 –... Read More