Activités parascolaires 2025 – 2026


Umeldung

Dëst Joer kann een sech fir d’Activités parascolaires iwwert de WebUntis umellen.

D’Aschreiwunge gi prinzipiell bis den 26. September. Méi spéit Aschreiwungen sinn awer och nach méiglech. 

Wéi dat geet, gesitt dir an dësem Guide.

 

 

Déi meeschten Activités parascolaires fänken an der Woch vum 6. Oktober 2025 un.


Aktuell kann een d’Videoe vun den ACTPAen just op engem Windows Computer oder op Android Handye kucken!

Videoen & Beschreiwungen

« Ech gi Babysitter » (am 2. & 3. Trimester, Donneschdes vu 14:35 – 16:20 am Sall B03)

(Mme Thill) vun der 5ième un, max. 20 Schüler

D’Responsabilitéit vum Babysitter ass d’Wuelbefanne vum Kand ze garantéieren, wärend d’Elteren net doheem sinn. Als Participant vun der Actpa léiers du wéi ee Wëndele wiesselt, Iesse fir d’Kand präparéiert a kacht, a wéi eng Spiller fir verschidden Altersgruppe gëeegent sinn. Du gëss och sensibiliséiert iwwert d’Risiken an d’Geforen déi geschéie kënnen, a wéis du an enger Noutsituatioun richteg reagéiere kanns. All Participant, deen de Cours reegelméisseg matmëscht, kritt en Diplom, dee vun der Gemeng Diddeleng ausgestallt gëtt.

Start: 2. Trimester (Grupp 1) & 3. Trimester (Grupp 2)

Chineesesch Kueren (Level A0: Freides vu 14:35 – 16:20 / Level A1.1: Mëttwochs vu 14:35 – 16:20 / Level A1.2: Donneschdes vu 14:35 – 17:h15, am Sall B0.5)

(Mme Wang)

An dëser Actpa kanns du déi chineesesch Kultur & Sprooch hautno erliewen a villes spilleresch léieren: déi chineesesch Schrëft, Kalligraphie, d’Iessen, Philosophie… a natierlech och déi chineesesch Sprooch fir am Alldag ze kommunizéieren. Et handelt sech em e Virbereedungskuer fir de chineeseschen Sproochekuer.

Start: 01.10, 02.10, 03.10

Theater (Freides vu 14:35 – 16:20 am Festsall)

(Mme Grün, Mme Lorang, Mme Ury)

D’Theater-Actpa ass fir all déi Schüler, déi sech kreativ ausdrécke wëllen.

Theater spille verstäerkt d’Selbstbewosstsinn, d’Empathie an d’Fäegkeet, virun anere Leit opzetrieden. Egal ob s du schonn Erfarung op der Bün hues oder nach net, trau dech a gëff Deel vun eiser Ekipp!

Start: 10.10

Plotter & Lasercutter (Mëttwochs vu 14:35 – 16:20 am AT1.3)

(Mme Hebbert)

Sidd dir bereet fir är Kreativitéit ze entfesselen? Kommt an eis Plotter a Lasercutter ACTPA! Dir kënnt Holzaarbechten, originell Stickeren, eenzegaarteg Puzzelen an aner spannend Projeten entwéckelen. Entdeckt nei Techniken, dréckt är Perséinlechkeet duerch d’Konscht aus an entdeckt dat gewaltegt Potenzial vun dëse Maschinnen. Bis geschwënn am kreativen Atelier!

Start: 08.10

Bitzatelier (Dënschdes vu 14:35 – 15:25 am AT1.5)

(Mme Menezes)

Du bass kreativ an interesséiers dech fir Moud? Da komm an an den Bitzatelier. Hei kanns du deng eege Modeller entwerfen, nei Technike kenne léieren an deng Kreatioune selwer bitzen.

Start: 29.09

Gittar (fir Ufänger, Dënschdes vu 14:35 – 15:25 am B1.3)

(M. Wagner)

Wollts du schonn ëmmer eng Kéier léiere Gittar spillen? Hues du Freed u Pop- a Rockmusik? Wëlls du gären e richtege Solo spillen? An dësem Cours kanns du dat alles léieren. Ech weisen dir Schrëtt fir Schrëtt wéi dat geet, am richtege Rhythmus, eleng an och zesumme mat anere Musek ze maachen!

Start: 07.10, 10.10

Makerspace (Freides 14:35 – 16:20 oder 15:30 – 17:15 am AT1.5)

(M. Dué, M. Schartz)

Hues du jee eng Plaz gesicht wous du dech iwwert Iddien oder Projeten austausche kanns? Mir léiden, bauen a programméiere Roboter an aner Elektronik. Villäicht brauchs du Accès op High-Tech Maschinnen, sou wéi en 3D Printer oder eng CNC Fräs? Dann ass de Makerspace déi richteg Plaz fir dech!

Start: 10.10

Sport

(Sportsproffen)

Informéiert dech iwwert déi verschidden Sports Aktivitéiten an der Sportshal oder bei dengem Sportsproff.

Schachclub (Donneschdes vun 14:35 – 16:20 am B2.8)

(M. Feyder)

Am Schachclub hunn d’Schülerinnen an d’Schüler d’Méiglechkeet, d’faszinéierend Welt vum Schach kennen ze léieren oder hir Kenntnisser ze verdéiwen. Mir üben zesummen déi wichtegst Spillreegelen, Taktiken a Strategien a spille frëndschaftlech Partië géinteneen. Nieft dem Spaass um Spill fërdert Schach och Konzentratioun, logescht Denken a Gedold. All Schüler si wëllkomm – vum Ufänger bis bei déi erfuere Spillerinnen a Spiller!

Start: 09.10

Mérite Jeunesse (Donneschdes vu 14:35 – 15:25 am SCNAT2)

(Mme Kerschen, Charlotte Welter)

Fir bei Mérite Jeunesse matzemaachen, sicht sech all Jonken a 4 Beräicher Zieler eraus. Den Enseignant begleet hien/hatt an der Ëmsetzung vun sengen Zieler.

Déi 4 Beräicher sinn:

1) Bénévolat: sech fir aner Leit asetzen

2) Expeditioun: Sech an der Natur orientéieren

3) Talent: en Talent entwéckelen

4) Sport: kierperlech Aktivitéit verbesseren

Start: 18.09 & 25.09 (fir déi al Schüler) & 02.10 (fir déi nei Schüler)

Gesellschaftsspiller (Méindes vu 14:35 – 15:25 an der Bibliothéik um Haaptsite)

(Mme Anastasi, Mme Ury)

An dëser Actpa kanns du zesummen mat anere Schüler Gesellschaftsspiller spillen. Léier nei Spiller kennen, verbesser deng sozial Kompetenzen a verbréng eng flott Zäit.

Start: 06.10

Mental Stäerkt – Resilienz a Stressbewältegung (Méindes vu 15:25 – 16:20 am Haus 16)

(M. Rodenbourg)

An dëser Aktivitéit léiers du, wéi s du mat Stress an och mat schwéiere Situatiounen am Liewen eens gëss – sief et an der Schoul, am Sport, am Alldag oder bei Schicksalsschléi. Dobäi kriss du d’Méiglechkeet, däi Gehier besser kennenzeléieren an ze verstoen, wéi s du et stäerke kanns. Mat wëssenschaftlech geteste Methode stäerks du deng mental Kraaft, baus Resilienz op a fënns déi ënnerlech Rou, déi der hëlleft och an haarde Momenter staark ze bleiwen.

Start: 08:10

Dës ACTPA kann am Moment aus organisatoresche Grënn net ugebuede ginn!

Beauty (2. & 3. Trimester, Donneschdes vu 14:35-16:20 am SCNAT1)

(Mme Baki)

Dëst ass eng Actpa, déi de Schüler bäibréngt eegestänneg Kosmetikartikelen (z.B. Lipgloss, Seefen, Crèmen, Duschgel…) hierzestellen.

Start: 2. Trimester (Grupp 1) & 3. Trimester (Grupp 2)

Orchester (vu 7e bis 1e, Mëttwochs vu 14:35 – 15:25 am Musekssall)

(Mme Mohr)

Spills du en Instrument an hues Loscht mat denge Matschüler*innen zesumme Musek ze maachen, dann komm an eise Schülerorchester. Méiglech Instrumenter sinn: Holz- / Blechblos- / Sträichinstrumenter oder Perkussioun. Wichteg: du muss Noute liese kennen. Geplangt sinn Optrëtter bei der Theateropféierung an op der Präisiwwerreechung.

Start: 08.10

LNB Band (Méindes vu 14:35 – 15:25 am Musekssall)

(Mme Mohr)

D’LNB Band ass eng Grupp vun 5 – 6 talentéierte, ausgewielte Schüler, déi zesummekomme fir hier musikalesch Fäegkeeten ze verbesseren an zesumme virun engem Publikum opzetrieden.

Start: 06.10

1. Hëllef (Freides vu 14:35 – 16:20 am Geosall)

(M. Baden)

Am Éischt-Hëllef-Team léiers Du wat’s du solls maachen, wann et zu enger medezinescher Urgence kennt. Nieft engem Éischt-Hëllefs-Cours a villen Übunge gëtt och Wëssen zu heefege Krankheete vermëttelt. D’Zil vun dëser Aktivitéit ass et, eng Equippe vu Secouristen am LNB ze hunn, déi am Noutfall kéint agräifen, virun deem eng Ambulanz sur Place ka sinn.

Start: 10.10

Beauty und Ästhetik (Méindes vu 14:35 – 16:20 am ATBOI)

(Mme Delfel)

An der Actpa “Beauty und Ästhetik” hunn d’Schüler d’Méiglechkeet déi spannend Welt vun der Schéinheetsfleeg a Kosmetik z’entdecken. Dës Actpa riicht sech u jiddereen, deen un der Hautpfleeg, Makeup a Produktkenntnisser interesséiert ass, an déi éischt praktesch Erfarung an dësem Beräich sammele wëll.

Inhalter vun der Actpa: Aféierung an déi aktuell Schéinheetstrends, Grondlage vun der Hauthygiène a -fleeg, Bestëmmung vum Hauttyp, dem Hauttyp ugepasste Makeup, Fleeg vun de Neel a Manikür, verantwortlech Notzung vu Fleegeprodukter. 

Start: 06.10

Billard (Donneschdes, vu 14:30 – 16:30 an der Deich Schoul, Treffpunkt am Preau)

(M. Pallucca)

Billard ass eng spannend Aktivitéit, bei där ee Kugelen op engem Dësch mat engem Billardqueue an Täsche versenkt. Dobäi trainéiert ee Konzentratioun, Feinmotorik a strategescht Denken. De Billard bitt déi perfekt Kombinatioun zwëschent Spill, Spaass, Technik a Gemeinschaft, bei deem en sech zesummen oder individuell ouni Drock ëmmer weider verbessere kann.

Start: 13.11

Digital Museksproduktioun (Freides vu 14:35 – 16:20 am INFO6)

(M. Rodenbourg)

Hei geet et drëm, mat FL Studio deng eege Musek um Computer ze maachen – vu Beats bis fäerdeg Lidder. De Cours ass fir Ufänger an déi mat méi Erfarung. Du kriss och eng einfach Aféierung an d’Musekstheorie, ouni Nouten ze liesen, fir Melodien a Harmonië selwer ze komponéieren.

Start: 10.10

Langue et culture japonaise (Donneschdes vu 14:35 – 16:20 am Sall C0.8)

(Mme Tanaka)

Explore le Japon!! – une expérience vivante de langue et culture !

Apprends le japonais à travers la conversation!

Découvre les secrets et vis la culture japonaise!

(Même les débutants sont les bienvenus !)

Start: 02.10