Activités parascolaires – ACTPA
THEATER
Responsable: M. Kohn, Mme Ury, Mme Grün, Mme Lorang
D’Theater ActPa ass fir all Schüler, déi Loscht hunn als Schauspiller bei engem Theaterstéck op der Bün ze stoen.
THEATER DECOR
Responsable: M. Genot, M. Karger
D’Theater Decor ActPa ass fir all Schüler, déi Loscht hunn, bei der Produktioun vun der Bünendekoratioun an de Requisite fir en Theaterstéck, matzehëllefen. Vum Entwerfen, iwwert Bauen, Bastelen bis hin zum Fierwen, Molen asw. ass vun allem dobäi.
THEATER KOSTÜMER
Responsable: Mme Ferreira da Silva
An dëser ActPa kënnen d’Schüler d’Kostümer, déi fir d’Opféierunge vum Theatergrupp gebraucht ginn, selwer hierstellen.
CHINEESECH KUEREN (FIR UFÄNGER & FORTGESCHRËTTENER)
Responsable: Mme Wang, Mme Liu
An dëser Actpa kanns du déi chineesesch Kultur & Sprooch hautno erliewen a villes spilleresch léieren: déi chineesesch Schrëft, Kalligraphie, d’Iessen, Philosophie… a natierlech och déi chineesesch Sprooch fir am Alldag ze kommunizéieren. Et handelt sech em e Virbereedungskuer fir de chineeseschen Sproochekuer.
SPORT
Responsables: Sportsproffen
Informéiert Iech iwwert déi verschidden Sports Aktivitéiten an der Sportshal oder bei ärem Sportsproff.
MOUNTAIN BIKE+
Responsables: M. Kohn
Eng flott Kombinatioun tëscht Mountainbike an sech mam GPS an der Natur erëmfannen. (De + steet vir d’GPS Geräter). Ofwiesselend soll ee Schüler virfueren fir d’Orientéierung um Terrain ze léieren. Eng Randonnée an de Championnat stinn och um Programm.
STAY FIT
Responsable: Mme Valente
An der Actpa “Stay Fit” beschäftege mir eis mat engem gesonde Liewensstil, souwuel sportlech, wéi och mental. Zesummen iwwerleeë mir eis flott Aktivitéite wéi z.B. Zumba, Yoga, Lafe goen, gesond kachen asw.
SELF-DEFENSE FIR MEEDECHER
An Zesummenarbecht mat der Alma Academy vun Diddeleng
Responsable: Mme Belleville
Bei der Self-Defense geet et drëms e Grupp fir Meedercher ze grënnen, fir d’Selbstvertrauen ze entwéckelen a grondleeënd Gesten zur Selbstverdeedegung ze léieren, fir de Fall vun enger kierperlechen Aggressioun. D’Meedercher léieren hir Ängschte kennen a léieren se ze benotze fir sou séier wéi méiglech geféierlech Situatiounen ze erkennen.
HIP-HOP
Responsable: Mme Valente
Wëlls du d’Danzart Hip-Hop entdecken? Hip-Hop Danz setzt sech aus verschidde Forme vu Street Dance zesummen a gëtt haaptsächlech mat Hip-Hop Musek gedanzt. Wëlls du dech beweegen a nei Danzschrëtter léieren? Da komm mat eis danzen.
MÉRITE – JEUNESSE
Responsable: M. Kohn
Fir bei Mérite Jeunesse matzemaachen, sicht sech all Jonken a 4 Beräicher Zieler eraus. Den Enseignant begleet hien/hatt an der Ëmsetzung vun sengen Zieler.
Déi 4 Beräicher sinn:
1) Bénévolat: sech fir aner Leit asetzen
2) Expeditioun: Sech an der Natur orientéieren
3) Talent: en Talent entwéckelen
4) Sport: kierperlech Aktivitéit verbesseren
AKTIV, KOMPETIV, SOLIDARESCH
Responsable: Mme Thomas, Mme Weiland, M. de Sousa Aguiar
Sech selwer besser kenneléieren, anerer wäertschätzen, am Team schaffen, Konflikt Léisung a Kommunikatioun sinn dir wichteg? Da bass du am S-Team richteg.
SCHÜLER COMITÉ
Responsable : Mme Olivieri, Mme Valente, Mme Belleville
Am Schülercomité kriss du d’Méiglechkeet dech fir d’Interessien vun denge Kolleegen am LNB anzesetzen.
SCHACH CLUB
Responsable: M. Feyder
Schach ass e strategescht Brietspill, an deem zwee Spiller d’Figuren op engem Spillbriet beweegen. D’Zil vum Spill ass et de Géigner Schachmatt ze setzen, dat heescht, säi Kinnek esou unzegräifen, datt hien net fäeg ass sech selwer ze verdeedegen oder ze flüchten.
ECH GI BABYSITTER
Responsable: Mme Thill
D’Responsabilitéit vum Babysitter ass d’Wuelbefanne vum Kand ze garantéieren, wärend d’Elteren net doheem sinn. Als Participant vun der Actpa léiers du wéi ee Wëndele wiesselt, Iesse fir d’Kand präparéiert a kacht, a wéi eng Spiller fir verschidden Altersgruppe gëeegent sinn. Du gëss och sensibiliséiert iwwert d’Risiken an d’Geforen déi geschéie kënnen, a wéis du an enger Noutsituatioun richteg reagéiere kanns. All Participant, deen de Cours reegelméisseg matmëscht, kritt en Diplom, dee vun der Gemeng Diddeleng ausgestallt gëtt.
BEAUTY
Responsable: Mme Baki
Dëst ass eng Actpa, déi de Schüler bäibréngt eegestänneg Kosmetikartikelen (z.B. Lipgloss, Seefen, Crèmen, Duschgel…) hierzestellen.
COIFFURE
Responsable: Mme Miranda
An dëser Actpa kanns du en Abléck an de Beruff vum Coiffeur kréien an an Engems verschidden Technike léiere fir d’Hoer ze schneiden.
UPCYCLING & ZERO DÉCHET
Responsable: Mme Chardome
Gëff ale Saachen en neit Liewen. Upcycling ass e neie Recycling Trend, bei deem een nei Géigestänn aus alen hierstellt. Mir recuperéiere Materialien oder Objeten, déi mir net méi brauchen, fir nei trendy Saachen ze hierzestellen. Et geet drëms d’Leit ze encouragéiere Saachen net alles ewech ze geheien oder nei ze kafen, mee mat de Materialien ze schaffen déi een huet. Sou encouragéiere mir en nohaltege Konsum.
BAKEN
Responsable: Mme Hebbert, Mme Lallemang
Du baaks gären an ëss gär lecker Saachen? Da mell dech an eis Bak Actpa, an däers du all Woch nei Grondtechniken ronderëm d’Baken kenne léiers.
BAKEN (Fir Alliance Schüler)
Responsable: Mme Mušovic
Du wëlls gäre bake léieren? Da komm an d’Baken Actpa. Hei léiers du ënnert anerem wéi ee Muffins, Kuchen, Panescher a Wäffelcher selwer mëscht.
KACHEN
Responsable: Mme Hansen, Mme Valente, Mme Chardome
Interesséiers du dech fir einfach a gutt Rezepter oder kanns deemno wéi scho kachen? Dann bass du genau richteg an der Activité parascolaire “Kachen”. Mir kachen no der Schoul zesummen an probéieren nei, einfach a séier Rezepter aus.
ORCHESTER
Responsable: Mme Mohr
Spills du en Instrument an hues Loscht mat denge Matschüler/innen zesumme Musek ze maachen, dann komm an eise Schülerorchester. Méiglech Instrumenter sinn: Holz-/ Blechblos- / Sträichinstrumenter oder Perkussioun. Wichteg: Du muss Noute liese kennen.
GROUPE DE 1ER SECOURS AU SITE PRINCIPAL
Responsable: Mme Kridel, Mme Krebs
Bass du interesséiert en 1. Hëllef Cours ze maachen? An eiser Actpa hues du d’Méiglechkeet dëst ze maachen. Nom Cours kriss du een offiziellen Certificat de participation vum CGDIS ausgestallt. Hues du schonn den 1. Hëllef-Cours gemaach a wëlls dech aktiv an eisem 1.Hëllef Team asetzen? Da bass du bei eis genau richteg! An eiser Actpa bilde mir eis an der 1. Hëllef weider.
An eiser Actpa tausche mir eis och ënnerteneen aus an Schwätzen iwwer Asätz wann et néideg ass. Eis Actpa fënnt Freides vun 14h30 bis 16h20 statt. Do gestallte mir Plakater fir eist Wëssen opzefrëschen an ze vergréisseren. Mir maache och Fallbeispiller an Hand vun Rollespiller,…
Déi Secouristen ënnert eis, déi Ambulancier oder Pompjee sinn, forméieren eis mat hirem Wëssen weider.
Eis Permanencen organiséiere mir mat engem Schichtplaner (Internet). Eis Permanence geet vun 7h45 bis 16h20 am Haaptgebai wéi och op der Alliance. All Proff kennt d’Noutrufnummer iwwer déi mir och per SMS op en Asaz geruff ginn.
Hues du schonn en 1. Hëllef Diplom? Da melll dech bei eis ënnert . Du hues nach keen 1. Hëllef Diplom? Da kanns du en am LNB maachen.
MAKERSPACE
Responsable: M. Dué, M. Schartz
Hues du jee eng Plaz gesicht wous du dech iwwert Iddien oder Projeten austauschen kanns? Villäicht brauchs du Accès op High-Tech Maschinnen, sou wéi en 3D Printer oder e Laser Cutter? Dann ass de Makerspace déi Plaz déi du sichs!
GESELLSCHAFTSSPILLER
Responsable: Mme Anastasi, Mme Ury
An dëser Actpa kanns du zesummen mat anere Schüler oder eleng Gesellschaftsspiller spillen. Léier nei Spiller kennen, verbesser deng sozial Kompetenzen a verbréng eng flott Zäit mat anere Schüler.