De BTS Digital Content – Eng Platz fir ze wuessen!
- Léier déi digital Welt kennen an entwéckel deng kreativ Säit
- Kreéier informativ a visuell Inhalter déi begeeschteren
- Vernetz dech mat Leit aus der Beruffswelt an looss dech vun hinnen begleeden
- Huel Deel un Konferenzen a Workshops um Terrain
No 2 Joer bass du en digitale Profi! Du kanns:
✅ uspriechend Texter fir Websäiten a Social Media schreiwen
✅ flott Fotoe fir Events & Brands maachen
✅ Konzepter fir Online-Campagnen entwerfen
✅ Filmer a Videoe montéieren a vertounen
Dee neie BTS Digital Content ass:
- zäitgeméiss an de moderne Besoinen ugepasst
- e Bindeglied fir eng Branche a vollem Wuesstem
- de Startschoss fir eng besser Zukunft!
Limitéiert Platzen! Mat 2 Klicks kanns dech hei fir den 2 Joer Studium umellen: bts.lnbd.lu