Typesch Lëtzebuerg

Typesch Lëtzebuerg
Enn Abrëll huet d’Klass 4GSO2 aus dem LNB mat Graffiti Kräid am Schoulhaff Biller zum Thema “Typesch Lëtzebuerg” gemolt. Vun der Idee bis zum Schlussbild mat Ënnerstetzung vum Kënschtler Dan Contreras.   Hei e puer Ausschnëtter vun der Schüler hiren Usischten iwwert dese Projet an der Sprooch vun hierer Wiel: “Notre graffiti a une liaison avec la journée nationale, parce que notre dessin représente beaucoup de choses du Luxembourg, comme par exemple « Melusina ». Ce dessin montre aux personnes tout ce que le Luxembourg a à offrir.” “Avec les professeurs on a encore eu un peintre connu au Luxembourg nommé Dan qui est venu pour nous conseiller sur nos dessins et nous aider à les personnaliser et bien les peindre sur le sol. On a fait cela ensemble et avec des couleurs de graffiti et à la fin c’était une peinture tout à fait réussie qui a été fait par toute la classe et avec un peu d’aide des professeurs et du peintre Dan.” “Also de Projet huet mir wierklech ganz gutt gefall, et huet e gutt Gefill hannerlooss an dobäi hunn ech och nach nei Saache kennegeléiert.” “Den Projet typesch Lëtzebuerg war zimmlech flott aus menger Sicht. Mir hunn wärend puer Wochen missen Skizzen molen. (…) Nodeems ech eng Skizz um... Read More

Rentrée scolaire BTS Studenten

Rentrée scolaire BTS Studenten
BTS Digital Content: Rentrée vir d’Studenten vun eisem neien BTS Digital Content ass den 21. September 2021 Dir sidd interesséiert u Fotographie, Videographie, Webdesign, Soziale Medien, Marketing, Event & Management?   Dann ass eise neien BTS Digital Content eppes vir Iech. Dës BAC+2 Formatioun gëtt ab der Rentrée 2021/2022 am LNB ugebueden.   Hei léiert een iwwert: Medientechnologie Informatik an Internet Sproochen, Kommunikatioun & Organisatioun Ekonomie, Gestioun & Marketing D’Formatioun ass praxisorientéiert. Et léiert een ënner Form vu Workshops, Stagen bei Entreprisen a Coursen mat Leit aus dem Aarbechtsmilieu.   Méiglech Beruffsweeër: Administratiounen kleng & mëttelgrouss Entreprisen kreativ Entreprisen (z.B. Agence de Pub, Centre Culturel, Sociétés de production) >>> Dir kënnt är Froen iwwert de BTS un dëss Email schécken: .   Scant dëse QR Code vir méi Informatiounen iwwert de BTS Digital Content op eisem site bts.lnbd.lu ze kréien! Read More

3GCM1 – 2. Präis beim Innovation Camp (Jonk Entrepreneuren)

3GCM1 – 2. Präis beim Innovation Camp (Jonk Entrepreneuren)
Den Alexandre Matos, Reda Radouane, William Ferreira, Alejandro Vivas, Bryan Silva an Patrick Costa vun der 3GCM1 hun den 17.Februar um Innovation Camp vun den Jonken Entrepreneuren deelgeholl. Den Business Challenge deen se vun der ING Bank lancéiert kruten war: “Gesellschaft huet nëmmen nach 15 Joër fir ze réagéieren! Proposéiert eng Start-up fir Probleemer wéi ënner anerem Emwëltschutz, Energieverbrauch, Logementspräissdéirecht ze léisen.” Bravo un den William an seng Grupp déi den 2.Präis gewannen konnten! 🎉 Read More
1 2