Jugendtreff
Wat ass de Jugendtreff?

- De Jugendtreff ass en Treffpunkt fir all Schüler aus dem Lycée Nic-Biever.
- De Jugendleche gëtt e Fräiraum geschaf, wou si sech austauschen, ausrouen oder iwwert Konflikter schwätze kennen.
- D’Encadrement gëtt vun engem Educateur aus dem SSE assuréiert.
- Duerch Matsproocherecht bei den Aktivitéiten an der Gestaltung vum Jugendtreff ginn d’ Schüler an hirer Autonomie gestäerkt a vun den Educateuren ënnerstëtzt.
De Jugendtreff bitt eng Rei u Material an Equipement un:
- Eng Partie Gesellschaftsspiller
- Eng Dartsscheif
- Ee Kicker
- Een Chill-eck
- Een Deschtennisdësch
- Ee Gaart
Aktivitéiten am Jugendtreff
Et gi reegleméisseg Aktivitéiten no der Schoul ugebueden. Déi Jugendlech kënne fräiweëlleg an de Jugendtreff kommen an un den Aktivitéiten deelhuelen.

Handyfräi Zon
De Jugendtreff ass eng Handyfräi Zon. Bei der Entrée steet en Handyhotel, wou déi Jonk hiren Handy dra setze kënnen.
Ëffnungszäiten vum Jugendtreff:
- Méindes: 11:45 – 12:40 (1. Service) + 14:30 – 16:00
- Dënschdes: 11:45 – 12:40 (1. Service)
- Mëttwochs: 11:45 – 12:40 (1. Service) + 14:30 – 16:00
- Donneschdes: 11:45 – 12:40 (1. Service)
- Freides: 11:45 – 12:40 (1. Service) + 14:30 – 16:00
Bei Verännerungen um Horaire, fannen d’Jugendlecher den ugepassten Horaire beim Haus 16 an e gëtt um Instagram Kont vum Lycée verëffentlecht.

Responsabel vum Jugendtreff:
Samuel Pallucca
Educateur gradué