De Schülercomité vum LNB organiséiert am Sënn vu senger participativer Schoulkultur an am Kader vum Demokratiedag en Austausch, genannt LNB-Talks, mat Experten zu Themen, di d’Schüler aus dem Lycée beschäftegen.

“Sexuell Belästegung” ass een Thema, dat duerch demokratescht Auswielen vun der Schoulcommunautéit, de Schüler am meeschten um Häerz lung. Dowengst huet den éischte LNB-Talk, organiséirt vum ELCOM, och zu dësem Thema de 4. Februar 2022 stattfonnt.

Fir dass all Schülerin a Schüler d’Méiglechkeet haat fir um Talk deelzehuelen, gouf dëse live an der Schoul gestreamed.

Hei fannt dir den RTL Reportagen & Radio Auszuch iwwert eisen Event: https://www.rtl.lu/news/national/a/1857836.html

Am Dezember war d’Mme Pinto am LNB fir iwwer “haislech Gewalt” ze schwätzen an ze sensibiliséieren. Wärend deem Talk konnten eis 2GSO-, 3GSO- an 2TPCM-Klasse Froe stellen an sech informéieren.