Theaterstéck: Roueg wéi d’Nuecht (oder och net?)

Theaterstéck op Lëtzebuergesch, geschriwwe vum Melanie Kiefer.

 

Eise Lycée wäert och dëst Joer nees en Theaterstéck fir de Grand Public opféieren.

Dëst Joer geet d’Stéck ëm Diddeleng an ass och vun engem Diddelenger Meedche geschriwwe ginn.

 

Wéini?

  • Méindes, den 11.05.26
  • Dënschdes, den 12.05.26
  • Mëttwochs, den 13.05.26

De Start ass ëmmer um 19:00. D’Diere ginn um 18:30 op.

 

Wou?

  • Lycée Nic-Biever (28, rue du Parc, L-3542 Dudelange)

 

Wourëms geet et?
D’Silvia Marenzena an de Pol Weirich aus Diddeleng sinn dout. Fir d’Police ass de Fall kloer: Doppelsuizid. Fall zou. Mee fir d’Octavia Marenzena, d’Mamm vum Silvia a Pompjee, mécht dat kee Sënn. Zesumme mat hirer Schwëster Regina, enger Polizistin, mécht si sech op d’Sich no der Wourecht – och wann si dofir illegal ermëttele mussen. Tëschent Schüler, déi méi wëssen wéi si soen, mysteriéise Kolleege vun de Verstuerwenen an enger Regente, déi anscheinend alles gesäit, gëtt séier kloer: Hei stécht méi hannendrun…

 

Gratis Umeldung: