Rejoignez notre Livestreaming
jeudi 26 octobre de 10h à 12h

LNB Talks – Mobbing

Vill ze oft kritt de Schülercomité a Versammlunge mat Schüler/innen ze héieren, dass et Situatioune vu Mobbing gi. Mobbing ass e mentale Gesondheetsprobleem a betrëfft di ganz Schoulgemeinschaft.

Den LNB-Talk zum Thema „Mobbing“ soll enttabuiséieren, den Affer d’Méiglechkeet gi sech ze trauen Eppes ze soen an Hëllef beim SePAS ze sichen, an den Zeie kloermaachen, dass ewechkucke falsch ass. Dësen Talk soll och iwwert d'Konsequenze fir jiddereen, och d'Täter, diskutéieren an den Experten eng Plattform gi fir hir Erfarungen un d’Schüler/innen weiderzeginn.