Nuits des Sciences

Dir sidd häerzlech invitéiert op eis Nuit des Sciences de 17.04.26! 🔬✨
 
Erwaart e spannenden an interaktiven Owend fir Grouss a Kleng:
De Joseph Rodesch aka Mr Science wäert Iech mat zwee spektakulären Optrëtter begeeschteren, an d’Schüler vum LNB bidden eng Rei flott an originell Atelieren un, wou dir selwer aktiv matmaache kënnt.
 
Dir kënnt ausserdeem probéieren eisen Escape Room ze léisen. 🧩 
 
Natierlech ass och fir Iessen a Gedrénks gesuergt.
 
Kommt laanscht a verbréngt en flotten Owend voller Wëssenschaft a Spaass!