Sustainable Entrepreneurial Schools

Seid dësem Schouljoer ass de Lycée Nic. Biever en Deel vum Projet Sustainable Entrepreneurial Schools, eng Initiativ vum Service de la Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an Zesummenaarbecht mat der Direction générale des Classes Moyennes.

Dës Plattform bréngt Lycéeën, déi sech am Sustainable Entrepreneurial Competence (SEC) -Programm engagéieren mat externe Partner aus der Wirtschaft zesummen. D’Sustainable Entrepreneurial Competence ass d’Kompetenz fir d’selbstännegt, nohaltegt an verantwortungsvollt Handelen an enger Gesellschaft ze fërderen.

Et handelt sech heibäi net just ëm déi konkret entrepreneurial Tätegkeete ewéi d’Generéire vu Beneficer an de Betriber, mee vill méi ass et en Tool, deen deene Jonke Courage soll ginn, fir sech an enger Welt ze verwierklechen, déi am stännege Wiessel ass, an an där d’nohaltegt an d’kreatiivt Denken ëmmer méi eng wichteg Roll spillt. Heirënner versti sech also elo an dësem Projet ganz konkret all Aktivitéiten am Beräich vum Entrepreneurship, der ekonomescher Nohaltegkeet, an der finanzieller a wirtschaftlecher Allgemengbildung souwéi vun der berufflecher a schoulescher  Orientéierung. Dës Aktivitéite sollen dozou bäidroen, dass déi Jonk vun haut déi néideg Kompetenze gewannen, fir sech an der Welt vu muer zurecht ze fannen. Dozou gehéieren natierlech Hardskills, awer virun allem geet et drëms déi 4K-Kompetenze vun dene Jugendlechen : e Fërdere vun der Kommunikatioun, der Kollaboratioun, der Kreativitéit a vum kriteschen Denken. Den Esprit d’Initiative an d’Innovatiounsfähegkeet gin domat zousätzlech gestäerkt.

D’Initiativen an Efforte vun de Schoule am Beräich vum nohaltegen Entrepreneurship ginn an engem national unerkannte Label-Sytem nobaussen visibel gemaach. Jee no den erfëllte Krittäre ginn et 3 verschidde Labele: N1: Start-up, N2: Entrepreneurial Progression, N3: Entrepreneurial Culture. Den LNB ass am Moment am Label Start-up.