Activités parascolaires

Activités parascolaires
Activités parascolaires   Dëst Schouljoer wäert am Géigesaz zu de leschte Joren keng Actpa Foire stattfannen. D’Schüler*inne kënnen sech bis Enn September iwwert e Forms Formulaire fir déi verschidden Aktivitéiten aschreiwen. Einfach dëse QR-Code scannen fir sech anzeschreiwen:   D’7e Schüler*inne wäerten d’Aschreiwung mat hierem Regent zesumme maachen. An der éischter Actpa kréien Si eng Fiche d’Inscritption, déi d’Eteren ënnerschreiwe sollen. Deen Ziedel sollen d’Schüler an der nächster Actpa ofginn. Déi meeschten Aktivitéite fänken an der Woch vum 7. Oktober un a fannen nomëttes vu 14:35 bis 16:20 statt. Verschiddener daueren awer just 1 Stonn.   Follgend Actpaen ginn am Schouljoer 2024–2025 ugebueden: 1. Hëllef Beauty Beauty & Ästhetik Biz Atelier Chineesesch (Débutant & Avancé) Ech gi Babysitter Gesellschaftsspiller Makerspace Mérite Jeunesse Mountainbike Orchester Plotter & Lasercuter Schach Theater American / Luxembourgish way of life Fir sportlech Aktivitéiten, schwätzt mat de Sportsproffen!   Videoen: « Ech gi Babysitter » (am 2. & 3. Trimester, Donneschdes am Sall B0.3) (Mme Thill) vun der 5ième un, max. 20 Schüler D’Responsabilitéit vum Babysitter ass d’Wuelbefanne vum Kand ze garantéieren, wärend d’Elteren net doheem sinn. Als Participant vun der Actpa léiers du wéi ee Wëndele wiesselt, Iesse fir d’Kand präparéiert a kacht, a wéi... Read More