Theaterstéck “QualityLand”

Den Theatergrupp vum LNB invitéiert Iech ganz häerzlech op d’Virstellung vum Theaterstéck “QualityLand”. D’Stéck baséiert sech op d’Buch QualityLand vum Marc-Uwe Kling an ass als Jugendtheaterstéck ëmgeschriwwen an iwwersat gi vum Carine Ury. An der Regie sinn d’Mélanie Grün, d’Nora Lorang an d’Carine Ury. D’Leedung vum Orchester huet d’Lynn Mohr.
 
Vum 17. – 20. Juni féiert den Theatergrupp vum LNB am Festsall vum Lycée Nic-Biever d’Stéck “QualityLand” op. Begleet gëtt d’Stéck duerch Musek vum Orchester vun eisem Lycée.
 

Daucht an d’Welt vu QualityLand an – wou d’Zukunft méi no ass, wéi Dir denkt!

An engem Land, wou d’Algorithmen Är Wënsch besser kenne wéi Dir selwer, schéngt d’Liewe perfekt optimiséiert. Alles gëtt fir Iech entscheet an all Är Problemer ginn automatesch fir Iech geléist – ouni dass dir jeemools nodenke musst. Awer wat geschitt, wann de System ufänkt Feeler ze maachen?

QualityLand weist eis op eng humoristesch Aart a Weis, wéi d’Technologie an de Konsumwan eis Gesellschaft veränneren. Tëscht enger automatiséierter Partnerwiel, optimiséierte Bëbeeën an dem Drock ëmmer déi perfekte Versioun vu sech selwer ze sinn, steet d’Fro am Raum: Wat bedeit et nach, wierklech Mënsch ze sinn?

Kommt mat eis op eng Rees an eng Welt, déi gläichzäiteg faszinéierend an erschreckend realistesch ass – mat vill Witz, Verstand an engem Bléck op eng net esou onméiglech Zukunft.

 
Fir de Publique gëtt d’Theaterstéck gespillt: 

– 17.06.25 ab 19:00

– 19.06.25 ab 19:00

– 20.06.25 ab 19:00

 

Reservéiert lo Är gratis Tickete per Telefon (51 60 31 600) oder per E-Mail ()!