Fairtrade Lëtzebuerg

fairtrade-school

De Lycée Nic-Biever setzt sech e fir de fairen Handel an, an ass dofir säit dem 23.05.2012 eng zertifiéiert Fairtrade School.

Firwat Fairtrade?

Konkurrenz, Präisdrock an Hektik bestëmmen de Welthandel. D’Produzenten am Süden, déi wéineg Verhandlungskraaft besëtzen a keen Zougang zu Informatioun iwwer de Weltmaart hunn, liewen ënner dem Drock vu schwankende Präisser an dem lokalen Tëschenhandel. Oft kréien Sie sou niddereg Präisser, datt Produktiounskäschten net mol ofgedeckt sinn.

Zil vum Fairen Handel

D’Zil ass et dës Situatioun ze änneren an de Produzenten am Süden et ze erméiglechen um internationalen Handel deelzehuelen an doduerch hire Liewensstandard laangfristeg ze verbesseren. D’Fairtrade Produzenten an Aarbechter hunn eng Stëmm. Sie ginn eescht geholl, an treffen hir eegen Entscheedungen.

Wat genau ass Fairtrade?

Fair Trade ass eng Partnerschaft tëschent Produzenten an Aarbechter am Süden an de Konsumenten am Norden. Duerch de Kaf vu Fairtrade Produkter droen d’Bierger, d’Firmen a staatlech Acteuren zu engem fairen Handelssystem bäi, deen op wirtschaftlechen, sozialen an ökologeschen Normen baséiert ass. Dëst kreéiert d’Viraussetzungen fir dass d’Produzenten an d’Aarbechter am Süden sech eng besser Zukunft opbauen kënnen.

Kleng Baueren produzéiere 50% vun all de Liewensmëttel weltwäit an iwwer 80% vun de Liewensmëttel déi an den Entwécklungslänner verbraucht ginn. Fairtrade fërdert d’Autonomie vu Klengverdénger an Aarbechter, verflicht sech fir hir legitim Interessen ze schützen an ass en effektiivt Instrument am Kampf géint d’Aarmut, den Honger an d’Ausbeutung.

Dir fannt méi Informatiounen iwwer Fairtrade op https://www.fairtrade.lu/