SuperDrecksKëscht-Akademie

 

SDK-Akademie

 

Ziel vun der SDK

D’Ziel vun der SDK ass et op eng méi nohalteg Zukunft hinzeschaffen an e schounenden Ëmgang mat de Ressourcen ze fërderen.

Si setzen besonnegen Wäert op eng Ressourcen-schounend Offall-Hierarchie a fërderen déi sou genannten Circular Economy.

Vir dëst ze erméiglechen, setzen Si op 4 Sailen: d‘Bierger, d’Betriber, d’Innovatiounsprojeten an SDK Akademie.

 

SDK-Akademie

D’SDK Akademie ass e Sensibiliséierungs-, Opklärungs-, Bildungs- a Qualifikatiounsorgan vun der SDK.

Et geet dorëms vir zukunftsorientéiert, nohaltegt Verhalen ze fërderen an zougänglech ze maachen.

 

D’SDK-Akademie besteet aus dräi Beräicher: 

  1. Clever Bildung: Spezifesch Aktivitéiten an der Primärschoul, am Lycée an an der Maison Relais
  2. Clever Entdecken: D’Welt vun der SDK kennen leieren bei enger Visite vum SDK-Site zu Colmer-Bierg
  3. Clever Qualifikatioun: Berufflech Weiderbildung duerch Schulungen

 

Aktivitéiten

> Offer un Aktivitéiten vir Lycée Schüler