LNB Talks – Mobbing

En Donneschden de 26. Oktober 2023 fënnt am LNB de nächsten LNB-Talk statt. Des Editioun dréit sech ganz em d’Thema Mobbing. D’LNB-Talks ginn organiséiert vum Lycée Nic-Biever an Zesummenaarbecht mat dem Schüler Comité an dem Eltere Comité.
 

LNB-Talk fir Schüler

Moies fënnt vun 10:00 – 12:00 eng Table Ronde fir Schüler am Festsall vum LNB statt. Dëss wäert och iwwert e Livestream op eisem YouTube Kanal gewise ginn.
 
 
Bei der Table Ronde Moies mat dobäi sinn:
  • de Mr. Tom Kugener, éducateur gradué an Anti-Gewalt an Deeskalatiounstrainer
  • d’Mme Cecilia Gruber, Psychologin beim CePAS: psychologesch Interventioune bei Krisen am schoulesche Beräich,
  • de Mr. Kevin Veiga, Ancien Schüler aus dem Lycée Technique Lalleng, dee ganz engagéiert ass am Beräich Mobbing an am gaangen ass eng ASBL zu dësem Thema ze grënnen.
 
Och present am Publikum sinn:
  • de Mr. Xavier Girsch vum Service de Prévention vun der Police
  • d’Mme Sandy Hansen, éducatrice graduée beim SePAS vum LNB
  • d’Mme Jessica Scheiwen, Psychologin beim SePAS vum LNB
 

LNB-Talk fir Eltere

Zousätzlech zur Table Ronde fir d’Schüler, fënnt Owes vun 19:00 – 21:00 eng Table Ronde zum Thema Mobbing fir d’Eltere statt. Den Entrée ass gratis.

 

Un der Table Ronde Owes huelen deel:
  • de Mr. Xavier Girsch vum Service de Prévention vun der Police
  • d’Mme Lis De Pina vum Service de médiation scolaire
  • de Mr. Rafael Pinto vun der Eltereschoul Fondation Kannerschlass
  • d’Mme Julia Retzlaff, Formatrice beim IFEN & Expertin fir Formatiounen zum Thema « Anti-Gewalt Training » fir Enseignanten
  • d’Mme Danielle Kinnen, Psychologin a Coordinatrice vum Centre de ressources vum CePAS
 
Och present am Publikum sinn:
  • d’Mme Annabelle Saffran, Service à l’égalité des Chances
  • d’Mme Sandy Hansen, éducatrice graduée beim SePAS vum LNB
  • d’Mme Jessica Scheiwen, Psychologin beim SePAS vum LNB
  • d’Mme Cécilia Delapierre, Expertin an de Geeschteswëssenschaften a Sozialwëssenschaften beim CePAS
  • d’Mme Sophie Amraoui, Expertin an de Geeschteswëssenschaften a Sozialwëssenschaften beim CePAS