Typesch Lëtzebuerg

Enn Abrëll huet d’Klass 4GSO2 aus dem LNB mat Graffiti Kräid am Schoulhaff Biller zum Thema “Typesch Lëtzebuerg” gemolt. Vun der Idee bis zum Schlussbild mat Ënnerstetzung vum Kënschtler Dan Contreras.   Hei e puer Ausschnëtter vun der Schüler hiren Usischten iwwert dese Projet an der Sprooch vun hierer Wiel: “Notre graffiti a une liaison avec la journée nationale, parce que notre dessin représente beaucoup de choses du Luxembourg, comme par exemple « Melusina ». Ce dessin montre aux personnes tout ce que le Luxembourg a à offrir.” “Avec les professeurs on a encore eu un peintre connu au Luxembourg nommé Dan qui est venu pour nous conseiller sur nos dessins et nous aider à les personnaliser et bien les peindre sur le sol. On a fait cela ensemble et avec des couleurs de graffiti et à la fin c’était une peinture tout à fait réussie qui a été fait par toute la classe et avec un peu d’aide des professeurs et du peintre Dan.” “Also de Projet huet mir wierklech ganz gutt gefall, et huet e gutt Gefill hannerlooss an dobäi hunn ech och nach nei Saache kennegeléiert.” “Den Projet typesch Lëtzebuerg war zimmlech flott aus menger Sicht. Mir hunn wärend puer Wochen missen Skizzen molen. (…) Nodeems ech eng Skizz um... Read More

BTS – Digital Content

BTS Digital Content:   Dir sidd interesséiert u Fotographie, Videographie, Webdesign, Soziale Medien, Marketing, Event & Management?   Dann ass eise neien BTS Digital Content eppes vir Iech. Dës BAC+2 Formatioun gëtt ab der Rentrée 2021/2022 am LNB ugebueden.   Hei léiert een iwwert: Medientechnologie Informatik an Internet Sproochen, Kommunikatioun & Organisatioun Ekonomie, Gestioun & Marketing D’Formatioun ass praxisorientéiert. Et léiert een ënner Form vu Workshops, Stagen bei Entreprisen a Coursen mat Leit aus dem Aarbechtsmilieu.   Méiglech Beruffsweeër: Administratiounen kleng & mëttelgrouss Entreprisen kreativ Entreprisen (z.B. Agence de Pub, Centre Culturel, Sociétés de production) >>> Schéckt eis ären Dossier bis den 12. Juli 2021 un ul.db1627171400nl@st1627171400b1627171400.   Scant dëse QR Code vir méi Informatiounen iwwert de BTS Digital Content op eisem site bts.lnbd.lu ze kréien! Read More

Den LNB beim Relais pour la vie

Relais pour la vie (27. & 28. Mäerz 2021)     Dëst Joer wäert den Relais pour la Vie net an senger traditioneller Form stattfannen, mee an enger virtuell Form. Et dierf een a Corona Zäiten net vergiessen, dass et net nëmmen de Corona Virus gëtt, an dass mir ons nach ëmmer em déi Leit an hir Matmënschen suergen sollen, déi vum Kriibs betraff sinn.   Sief Deel vun der LNB Equippe Och bei enger virtueller Versioun derbäi ze sinn, beweist dass mir ons am LNBD zesummen staark maachen an sou en Zeechen vun Solidaritéit setzen. Déi virtuell Versioun bréngt och Virdeeler mat sech, well mir als Equippe vill méi flexibel sinn an kee méi an der Nuecht lafen muss. Mir mussen just am ganzen déi 24 Stonnen lafen/trëppelen/joggen/pedalléieren an dëst Joer gëtt et och kee Maximum u Leit an enger Equippe.   Mellt Iech un https://monespace.relaispourlavie.lu/participant/register/0cd255ae-26aa-4349-8064-ab96d9fd3d6f   Don maachen https://monespace.relaispourlavie.lu/trophees/2021/444   Weider Informatiounen fannt dir op https://www.relaispourlavie.lu/ Read More