Summerschool 2023

Summerschool 2023
Summerschool 2023 Dest Joer fënnt déi 4t Editioun vun der Summerschool zu Lëtzebuerg statt. Se fënnt vum 04. – 08. September 2023 statt. D’Participatioun un der Summerschool ass fräiwëlleg a gratis.   Wat ass d’Summerschool? D’Summerschool ass eng Mesure fir méiglech schoulesch Retarden opzeschaffen. Et ginn ugebueden: Nohëllefscourse fir Schüler, déi een Noexamen am September hunn (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathé, Bio, Naturwëssenschaften, Chimie; Physik); Opfrëschungscoursë fir Schüler, déi schoulesch Retarden ophuele wëllen (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathé).   Wéi schreift een sech a fir d‘Summerschool am Lycée?  Schüler am Enseignement secondaire, oder Schüler, déi bei der Rentrée 2023 op der 7e ufänken, schreiwen sech direkt beim Sekretariat vum Lycée an. Dëst geschitt a Funktioun vun de fräie Plazen. Leschten Dag fir sech anzeschreiwen ass den 21. Juli 2023. Et gëtt keng extra Fiche d’inscription. Brengt einfach eng Carte d’identité mat fir d’Aschreiwung.   Wei gëtt d’Summerschool organiséiert? D’Summerschool fënnt an ëffentleche Lycéen, sou zum Beispill bei eis am LNB. D’Schüler kënnen sech fir maximal 2 Fächer aschreiwen. Fir all Cours sinn 10 Lektioune vu jee 50 Minutte virgesinn (Bléck vun 2 Lektioune). D’Coursë ginn gehal vun Enseignanten oder Unisstudenten. D’Schüler aus der Beruffsausbildung kënne u Coursë vun hiren Allgemengfächer... Read More

Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!”

Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!”
Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!” Den Theatergrupp vum LNB invitéiert Iech ganz häerzlech op d’Virstellung vum “So, wéi schwäz du mat mer!”   Den 8ten, 10ten an 11ten Mee féiert d’Theatergrupp vum LNB am Festsall vum Lycée hiert neit Stéck mam Numm “So, wéi schwätz du mat mer!” op.   An 11 ganz ënnerschiddleche Sketcher weisen d’Schülerinnen a Schüler aus der Theater-Acpta, wéi ënnerschiddlech Kommunikatioun fonctionéiert a wéi séier ee riskéiere kann, laanschteneen ze “schwätzen”, dëst souwuel op verbalem wéi nonverbalem Niveau.   Eng Rei vun de Stécker si souguer vun de Schülerinnen a Schüler selwer geschriwwe ginn. Loosst Iech dat net entgoen. D’Theaterstéck fënnt dest Joer och am Kader vum Mois du Respect statt, dee vun Ensemble Quartiers Dudelange, der Ville de Dudelange & Gender Equality – Dudelange am Mee organiséiert gëtt.     Reservéiert lo är Plaz: 51 60 31 600       Read More

BTS Bubble Soccer Tournoi

BTS Bubble Soccer Tournoi
BTS Bubble Soccer Tournoi D‘Klass vum BTS Digital Content organiséiert den 20. Dezember 2022 e Bubble Soccer Tournoi am Hall René Hartmann zu Diddeleng.   D‘Schüler vu 7e bis 1e kennen sech bis zum 12. Dezember als Equipe vu 4 Leit, um Site bubblesoccer.lnbd.lu aschreiwen.   D’Klassen, déi den 20. Dezember nach Cours hunn, mussen hier Proffen em Erlabnis froen, fir beim Tournoi matzemaachen.   All Schüler muss sech 1 bis 2 Pättere sichen, déi jeeweils minimum 5 € spenden. Den Don gëtt iwwer Payconiq mat der Mentioun op d’Telefonsnummer 691 720 461 iwwerwisen.   D’Suen déi erakommen ginn fir e gudden Zweck un d’Association Amensty International gespent.   🎁 D‘Gewënner kréien ee Cadeau 🎁 Read More

Diplomiwwerreechung 2022

Diplomiwwerreechung 2022
De 7. Juli 2022 kruten 109 Primaner aus dem Lycée Nic-Biever hiren Ofschlossdiplom, a Präsens vum Buergermeeschter Dan Biancalana, dem Här Marc Michely vum MENEJ, souwéi villen Enseignanten a Familljememberen, iwwerreecht    Mir gratuléieren a wënschen hinnen alles Guddes op hirem Wee. E grousse Merci och un d’Museker an eis Moderatoren déi dësen Owend sou schéin encadréiert hunn.     Read More

Theaterstéck “Super Dudes & Dudettes”

Theaterstéck “Super Dudes & Dudettes”
Theaterstéck “Super Dudes & Dudettes” Den Theatergrupp vum LNB invitéiert Iech ganz häerzlech op d’Virstellung vum “Super Dudes & Dudettes”.   Ganz normal Schüler am LNB stelle fest, datt si guer net esou normal sinn… E Stéck iwwert ganz normal Superhelden.   Wéini: den 10. Mee, 12. Mee, 13. Mee ab 19:30 Wou: am Festsall vum LNB   Wann dir Iech umelle wëllt, da kontaktéiert eis: ☎️ per Telefon: 516031-600 📧 per E-Mail:       Read More

Help Ukraine!

Help Ukraine!
Help Ukraine! Mir wëllen als LNB eisen Deel dozou bäidroen, dass déi Leit, déi hiert Doheem hu musse vun haut op muer verloossen fir Schutz ze sichen, zumindest dat Allernéidegst hunn.   Hei fannt dir eng Lëscht mat Artikelen déi dréngend gebraucht ginn.   Iwwert déi nächst zwou Wochen sammele mir dës um Haaptsite an op der Alliance.   Den Transport vun de Saachen gëtt assuréiert vum Här Goslitski https://play.rtl.lu/shows/lb/journal/episodes/r/3280171 (Video ab der 4ter Minutt)         Read More
1 2