E Freiden, den 24te Mäerz 2023 huet den LNBtalk “Diskriminéierung an der lëtzebuerger Museksszene” vun 10:15 bis 11:30 am klengen Auditoire vum Centre Culturel Régional Dudelange Opderschmelz stattfonnt. D’Artist*innen Nicool, Maale Gars, Chaild a Maz hunn iwwer hier Erfarungen mam Thema Diskriminéierung an der Lëtzebuerger Musekszeen geschwat. Ënner anerem gouf iwwer d’latent Homophobie am Zesummenhang mat der eegener Karriär bericht an doriwwer diskutéiert, ob ee Sexismus am Rap kann am Numm vun der Konscht excuséieren. Verschidde Klassen aus dem LNB ware live am CNA dobäi.

Studenten vum BTS digital content woren derbäi an hunn den Event gefilmt.

D’ganzt Gespréich kënnt dir iech op eisem YouTube Kanal ukucken: https://youtu.be/KNkKvllX1lE

Invitéiert waren:

  • Maale Gars (Rapper)
  • CHAiLD (Elektropop Sänger & Songwriter)
  • MAZ (Rapper)
  • Nicool (Rapperin)
Moderatioun:
  • Noa DOMINIQUE
  • Adnan SKRIJEL

LNB Talk – Discrimination dans la scène musicale luxembourgeoise

Le vendredi 24 mars 2023, un LNBtalk sur le sujet “Discrimination dans la scène musicale luxembourgeoise” s’est déroulée de 10h15 à 11h30 dans le petit auditorium du Centre Culturel Régional Dudelange Opderschmelz. Les artistes Nicool, Maale Gars, Child et Maz ont parlé de leurs expériences sur le thème de la discrimination dans la scène musicale luxembourgeoise. Entre autres choses, l’homophobie latente liée à sa propre carrière a été signalée et débattue. Un autre débat était mené sur la question si le sexisme dans le rap peut être excusé au nom de l’art. Plusieurs classes de la LNB étaient présentes en direct au CNA.

Des étudiants du BTS contenu numérique ont assisté et filmé l’événement.

Vous pouvez regarder l’intégralité de la conversation sur notre chaîne YouTube : https://youtu.be/KNkKvllX1lE