2018-2019 war fir den LNB ee ganz speziellt Joer: en huet seng 50 Joer gefeiert. Zu dëser Geleeënheet hu mir ee Buch erausbruecht, dat eng Unerkennung soll si fir déi déi sech am Laf vun de Jore fir eis Schoul agesat hunn, fir se geschafft hunn, eppes Neies aus hier gemaach hunn.

Op eiser Séance académique ass eist Buch virgestallt ginn. Nieft flotte Fotoe vu Fréier an Haut, Temoignagen an Anekdote vu fréieren an heutege Schüler a Proffen, fann dir ee Réckbléck op di sëllege Projeten déi den LNB an deene ville Jore gepräägt hunn.

Bestelle kenn Dir dëst Buch (mat iwwer 300 Säiten) am Accueil vum LNB oder iwwer Mail ënner dëser Adresse: