Eis Hausuerdnung

Un exemplaire de notre code de vie se trouve affiché dans chaque salle de classe. Chaque élève est tenu à le respecter, chaque enseignant est prié de le faire appliquer !

Smart Devices

De Smartphone an d‘Smartwatch gi virun all Schoulstonn an Aktivitéit, ouni Opfuerderung vun den Enseignanten, mindestens op Flugmodus gestallt an an déi Këscht geluecht déi dofir virgesinn ass. Dëst gëllt och fir Surveillancestonnen. Och bei Aktivitéiten, Ausflich oder Reesen, ass de Gebrauch vun dëse Geräter wärend den Aktivitéiten net erlaabt.

Kleederuerdnung:

Wärend der Schoulstonn huet KEEN eng KAPUTZ, eng KAP oder JACKETTE un. Jiddereen ass korrekt a propper ugedoe fir an d’Schoul.

Uerdnung am Klassesall:

Eis Poschen a Schoulsäck leien NET op der Bänk. Mir verloossen de Sall ëmmer propper.

Sëtzuerdnung:

De Klasseplang, dee vum Regent fixéiert gouf, MUSS an ALL Cours respektéiert ginn.

Iessen an drénken:

Iessen, drénken a Knätsch ass am Klassesall verbueden. Just Waasser an enger zouener Fläsch ass erlaabt.

Fëmmen a aner Consommatioun:

Fëmmen a Consommatioun vun nikotinhaltege Substanzen ass um ganze Schoulterrain verbueden.

Paus vu 5 Minutten:

An de klenge Pause verléisst KEEN de Klassesall, ausser fir op d’Toilette ze goen oder fir de Sall ze wiesselen. Mir versammelen eis NET baussen um Gank a lafen NET op aner Stäck. D’Smart Devices déi mir ofginn hunn, gi wärend de 5-Minutte-Pause net genotzt.

Paus vun 20 Minutten:

Vun 9h40-10h00 bleiwe mir NET am Sall oder am Gank. D’Diere ginn zougespaart.

Mëttesstonn:

Mir halen eis wärend der Mëttespaus NET op de Gäng op.

ABSOLUT NO-GO’S       

  • GEWALT
  • FËMMEN
  • DROGEN
  • ALKOHOL
  • OPHUELEN AN/ODER VERBREEDEN VUN AUDIOVISUELLEM MATERIAL OUNI ERLABNIS

Wie sech NET un dës Reegelen hält, riskéiert eng Strof !