European Parliament Ambassador School (EPAS)

Zenter September 2017 schafft den LNB am Kader vun der politescher Bildung a senge participative Strukture mat de Schüler um Projet “Botschafterschoul – École ambassadrice du parlement européen”.

An dësem Kontext sinn d’Schüler aus der Optioun “EU4U” och Junior Ambassadors a maache bei flotte Projet’en mat. Am Laf vum Schouljoer ginn Aktivitéite geplangt an duerchgefouert, déi de SchülerInnen op eng pedagogesch Aart a Weis d’EU , seng Institutiounen a seng Politik méi no bréngen.

Am LNB gi reegelméisseg Simulatiounen, eng Aart “jeu de rôle” organiséiert, wärend deenen d’SchülerInnen d’Méiglechkeet hunn, an d’Roll vun de verschiddene Fraktiounen aus dem Europaparlament ze klamme fir iwwert de Sujet “Asylpolitik” ze debattéieren. Dono ginn d’Resultater vum
Debat zesumme mat engem Europadeputéierten diskutéiert.

Am Kader vu Sensibiliséierungscampagnë vum Parlament kommen och reegelméisseg Europadeputéiert bei eis an de Lycée fir mat de SchülerInnen iwwert aktuell Thematiken ze schwätzen. Esou waren den Här Charel Goerens, d’Mme Viviane Reding, d’Mme Tilly Metz, den Här Marc Angel an d’Mme Isabel Wiseler-Lima bei eis op Besuch, fir eise SchülerInne wärend 2 Stonne Ried an Äntwert ze stoen.

D’Junior Ambassadors huelen ënner anerem och un Treffen, wei z.B. dem EYE oder dem EU4YOUTH, am Bâtiment Schuman Deel, wou si zesumme mat hiren EPAS-Partnerschoulen a Presenz vun de 6 Lëtzebuerger Europaparlamentarier hir Iddi fir Europa presentéieren.

Och den Austausch tësche Partnerschoulen am Ausland gëtt gefleegt an d’SchülerInnen hunn d’Méiglechkeet sech mat aneren Nationalitéiten auszetauschen. De neiste Projet, deen elo schonn zënter 2 Joer leeft, ass ee Kachbuch. Eis Junior Ambassadors kachen an der pedagogescher Kiche Rezepter zu de 27 EU-Memberstaaten, schreiwen d’Rezepter an Informatiounen zu de Länner op
Lëtzebuergesch an Englesch op an designen zesumme mat eisem BTS de Layout.