Grupp Scientissimo

De Grupp Scientissimo huet als Zil d’Promotioun vun de Sciences Naturelles am LNB.

Mir suergen dofir, dass eis Schüler a Schülerinne bei folgenden Aktivitéite matmaache kënnen:

  • Naturwëssenschaftsolympiad
  • Visite vum Galileo Science Mobil, dee mir all 2 Joer op de Site vum LNB bestellen
  • Visite vu verschiddenen Atelieren um „Science Festival“ an um „Researcher’s Day“
  • Austausch mat Fuerscher am Kader vu „Chercheurs à l’école“
  • Visite am Naturmusée
  • Nuit des sciences

Responsabler:

Alain Laurent    ()
Liss Weber         ()

Galileo Science Festival

D’Klasse 7O2, 7ST4, 8TE7 a 5M2 hunn den 12. an 13. November 2015 um Science Festival deelgeholl.

Galileo Science Mobil

Visite vum Galileo Science Mobil, dee mir all 2 Joer op de Site vum LNB bestellen.

Naturwëssenschaftsolympiad 2015-2016

Qualifikatioun am LNB, den 12  November 2015

Participatioun vun 180 Schüler

LCSB Scienteens Lab zu Esch-Belval

D’2e BC aus dem LNB war déi 1. Klass am LCSB Scienteens Lab zu Esch-Belval de 16. Dezember 2013.