Smart Devices – Ëmgangsreegelen am LNB

 

 

Smart Devices wéi de Smartphone an d’Smartwatch, gehéieren zu eisem Alldag. Se kënnen eis ganz nëtzlech sinn a Freed maachen. Dowéinst verdäiwele mär dës Geräter net. Allerdéngs musse mär gläichzäiteg awer kritesch a virsichteg am Ëmgang domat sinn, well se eis och schuede kënnen. Besonnesch eisen Ëmgang mat soziale Medie muss ëmmer nees a Fro gestallt ginn.

Dofir hu mär geméiss der Instruktioun vun eisem Minister, follgend Charta hei am LNB zum Ëmgang mat dëse Smart Devices opgestallt:

  • Wa mär Smart Devices mat an de Lycée oder op all Aktivitéit am Kader vum Lycée matbréngen, hale mär eis strikt un dës Charte an un eise „Règlement d’ordre interne“ (ROI). Dëst gëllt och fir Ausflich a Schoulreesen.
  • Virun all Schoulstonn, oder peri- a parascolaire Aktivitéit, gi mär de Smartphone an d’Smartwatch of, esou wéi et an eisem ROI virgeschriwwen ass.
  • Mär benotzen dës Geräter wärend de Schoulstonnen oder peri- a parascolairen Aktivitéiten just dann, wann d’Léierpersonal et ausdrécklech an Zesummenhang mam Kuer oder der Aktivitéit erlaabt.
  • Mär respektéieren, dass eenzel Raim an Zonen am Lycée, niewent de Klassesäll, fräi vu smarte Geräter solle bleiwen. Dorënner zielen z.B. de Jugendtreff an eisen CDI. Déi betraffe Raimlechkeete ginn deementspriechend ausgeschëldert.
  • Wärend Surveillancestonnen, beschäftege mär eis ouni eis smart Geräter. Mär dierfe Gesellschaftsspiller spillen, déi eis zur Verfügung gestallt ginn, liesen, léieren, oder maachen Aufgaben.
  • Mär probéieren wärend de Pausen, an de Gäng, am Preau oder am Haff, d’Notzung vum Smartphone op dat Néidegt ze reduzéieren a bevirzéien déi direkt sozial Interaktioun.
  • Mär filmen oder fotograféiere keng Membere vun eiser Schoulgemeinschaft ouni hier Erlabnis. Dat nämmlecht gëllt fir Audioopnamen a fir d’Diffuséiere vun audiovisuellem Material.
  • Am Ëmgang mat soziale Medie verurteele mär Hatespeech, Cybermobbing, an all Form vu moralescher oder physescher Gewalt. Wa mär Zeie gi vun esou Strofdoten, melle mär dat engem/enger Enseignant.e, dem SePAS, dem SSE, oder der Direktioun.