D’Schüler vum LNB hunn Accès op de WebUntis, wou si hire Stonneplang, hier Hausaufgaben, hier eegen Inscriptiounen, hier eegen oppen Absencen an hier Prüfungsterminer kënnen consultéieren.
Dir fannt et op webuntis.lnbd.lu oder iwwert déi gratis Smartphone-App “Untis Mobile” fir iOS an Android.
Hei fannt dir eng Uleedung déi dir iech bei Bedarf kënnt ukucken, downloaden oder printen.
Ganz wichteg: mellt iech ëmmer iwwert d’Schaltfläch “IAM” un, déi dir uewen riets am Browser gesitt. Dir braucht dofir den IAM Username an d’Passwuert, dat dir och huelt fir iech hei an der Schoul op engem PC anzeloggen. An der Uleedung gëtt och Schratt fir Schratt beschriwwen, wéi dir äre Profil an der Untis Mobile App kënt configuréieren.

WebUntis

 


Documentation



 UntisMobile