BTS Bubble Soccer Tournoi

BTS Bubble Soccer Tournoi
BTS Bubble Soccer Tournoi D‘Klass vum BTS Digital Content organiséiert den 20. Dezember 2022 e Bubble Soccer Tournoi am Hall René Hartmann zu Diddeleng.   D‘Schüler vu 7e bis 1e kennen sech bis zum 12. Dezember als Equipe vu 4 Leit, um Site bubblesoccer.lnbd.lu aschreiwen.   D’Klassen, déi den 20. Dezember nach Cours hunn, mussen hier Proffen em Erlabnis froen, fir beim Tournoi matzemaachen.   All Schüler muss sech 1 bis 2 Pättere sichen, déi jeeweils minimum 5 € spenden. Den Don gëtt iwwer Payconiq mat der Mentioun op d’Telefonsnummer 691 720 461 iwwerwisen.   D’Suen déi erakommen ginn fir e gudden Zweck un d’Association Amensty International gespent.   🎁 D‘Gewënner kréien ee Cadeau 🎁 Read More

Rentrée scolaire BTS Studenten

Rentrée scolaire BTS Studenten
BTS Digital Content: Rentrée vir d’Studenten vun eisem neien BTS Digital Content ass den 21. September 2021 Dir sidd interesséiert u Fotographie, Videographie, Webdesign, Soziale Medien, Marketing, Event & Management?   Dann ass eise neien BTS Digital Content eppes vir Iech. Dës BAC+2 Formatioun gëtt ab der Rentrée 2021/2022 am LNB ugebueden.   Hei léiert een iwwert: Medientechnologie Informatik an Internet Sproochen, Kommunikatioun & Organisatioun Ekonomie, Gestioun & Marketing D’Formatioun ass praxisorientéiert. Et léiert een ënner Form vu Workshops, Stagen bei Entreprisen a Coursen mat Leit aus dem Aarbechtsmilieu.   Méiglech Beruffsweeër: Administratiounen kleng & mëttelgrouss Entreprisen kreativ Entreprisen (z.B. Agence de Pub, Centre Culturel, Sociétés de production) >>> Dir kënnt är Froen iwwert de BTS un dëss Email schécken: .   Scant dëse QR Code vir méi Informatiounen iwwert de BTS Digital Content op eisem site bts.lnbd.lu ze kréien! Read More