Rentrée scolaire BTS Studenten

BTS Digital Content: Rentrée vir d’Studenten vun eisem neien BTS Digital Content ass den 21. September 2021 Dir sidd interesséiert u Fotographie, Videographie, Webdesign, Soziale Medien, Marketing, Event & Management?   Dann ass eise neien BTS Digital Content eppes vir Iech. Dës BAC+2 Formatioun gëtt ab der Rentrée 2021/2022 am LNB ugebueden.   Hei léiert een iwwert: Medientechnologie Informatik an Internet Sproochen, Kommunikatioun & Organisatioun Ekonomie, Gestioun & Marketing D’Formatioun ass praxisorientéiert. Et léiert een ënner Form vu Workshops, Stagen bei Entreprisen a Coursen mat Leit aus dem Aarbechtsmilieu.   Méiglech Beruffsweeër: Administratiounen kleng & mëttelgrouss Entreprisen kreativ Entreprisen (z.B. Agence de Pub, Centre Culturel, Sociétés de production) >>> Dir kënnt är Froen iwwert de BTS un dëss Email schécken: ul.db1632476992nl@st1632476992b1632476992.   Scant dëse QR Code vir méi Informatiounen iwwert de BTS Digital Content op eisem site bts.lnbd.lu ze kréien! Read More