BTS Digital Content:

Rentrée vir d’Studenten vun eisem neien BTS Digital Content ass den 21. September 2021

BTS Digital Content

Dir sidd interesséiert u Fotographie, Videographie, Webdesign, Soziale Medien, Marketing, Event & Management?
 
Dann ass eise neien BTS Digital Content eppes vir Iech. Dës BAC+2 Formatioun gëtt ab der Rentrée 2021/2022 am LNB ugebueden.
 
Hei léiert een iwwert:
  • Medientechnologie
  • Informatik an Internet
  • Sproochen, Kommunikatioun & Organisatioun
  • Ekonomie, Gestioun & Marketing
D’Formatioun ass praxisorientéiert. Et léiert een ënner Form vu Workshops, Stagen bei Entreprisen a Coursen mat Leit aus dem Aarbechtsmilieu.
 
Méiglech Beruffsweeër:
  • Administratiounen
  • kleng & mëttelgrouss Entreprisen
  • kreativ Entreprisen (z.B. Agence de Pub, Centre Culturel, Sociétés de production)
 
Scant dëse QR Code vir méi Informatiounen iwwert de BTS Digital Content op eisem site bts.lnbd.lu ze kréien!
QR