Poesie Concours

Poesie Concours
Poesie Concours Am Kader vun der Journée du Livre et du Droit d’Auteur huet eis Schoulbibliothéik e Poesie Concours organiséiert zum Thema “Fair mateneen ëmgoen”. Am Ganze goufen 18 Gedichter op Däitsch, Lëtzebuergesch, Franséisch oder Englesch geschriwwen. D’Schüler hunn de Fairplay am Sport thematiséiert, Dopping, Mobbing, de Patriarchat an d’Mënscherechter.   3 Gedichter goufen ausgezeechent: Das unsichtbare Gesetz – Elma Kajevic (2CLB1) Eisiger Betrug – Melanie Kiefer (5C3) Quels sont les droits de l’homme ? – Elsa Guedes, Claire Klein (4CL2) D’Schülerinne kruten all e Bong vun der Librairie Ernster an d’Gedicht vum Elma Kajevic wäert och op der Remise des Prix am Juli virgedroe ginn. D’Elma huet och virun e puer Wochen och en internationale Concours zu Montenegro gewonnen, wou hat seng Gedichter virgedroen huet. De Concours gouf organiséiert vun der IKA (Internacionalna kulturna asocijacia) a seng Gedichter wäerten an engem Buch publizéiert ginn.   Felicitatioun un d’Gewënner a merci un all d’Schüler déi um LNB Poesie Concours deelgeholl hunn.     Hei kënnt dir d’Gedichter vun der Gewënner*inne noliesen:   Das unsichtbare Gesetz In des Lebens stummen Weiten,   unsichtbar und doch so präsent,   schwingt ein Gesetz, das sanft uns leitet,   unsichtbar, doch von allen gekannt.... Read More