Konscht a Kreativiteit ass eppes, wat um normale Schoulparcours heiansdo e besse verluer geet. Zevill aner Saachen hun oft Prioriteit. Dofir ass et emsou mei wichteg, de Schüler munchmol d’Geleenheet ze gin, sech och anescht wei an den traditionnelle schoulesche Kompetenzen auszedrëcken.

D’Journée culturelle, déi den 14. Dezember 2020 eng eischte Keier op der Annexe Alliance stattfonnt huet, war sou eng Geleenheet. Op der enger Säit ass et drem gaang nei Techniken an/oder Materialien kennen ze leieren, op der anerer Säit awer och de Schüler eng Meiglechkeet ze gin, sech mol mat ganz aneren Fähegkeeten an Kompetenzen erfir ze hiewen. Ganz am Senn vum Albert Einstein: „Phantasie ist wichtiger als Wissen, denn Wissen ist begrenzt“ hun d’Schüler sech demno dierfen am Kader vun hierem Atelier ausliewen an nei Erfahrungen man. Hieren Aussoen no ass dat och gudd gelong.

14 verschidde Künstler sin dem Opruff vun der Coordination culturelle nokomm an hun ganz ennerschiddlech Techniken mat diversen Materialien ugebueden. Vertrueden waren: Specksteen, Comics zeechnen, Lichtdrock, Filzen, Siebdruck, Fotographie, e Buch bitzen/bannen a kreeiren, Graffiti, Keramik, Upcycling, Maquette kreeiren, Mixed Media Art, Tape Collage an Transfertechnik mat Faarwexperimenter. An deenen eenzelnen Atelieren sin vill flott Konschtwierker entstan. A verschidde Klassen goufen individuell Wierker hiergestallt, anerer hun sech fir ee Kollektivwierk decideiert.

Découvez le projet …

2021-02-00-teaser-journees-culturellles-alliance