Theaterstéck “Swinge géint Gläichschrëtt”

Den Theatergrupp vum LNB invitéiert Iech ganz häerzlech op d’Virstellung vum Theaterstéck “Swinge géint Gläichschrëtt”.
 
De 14ten, 15ten a 16ten Mee féiert den Theatergrupp vum LNB am Festsall vum Lycée Nic-Biever d’Stéck “Swinge géint Gläichschrëtt” op. Begleet gëtt d’Stéck duerch Musek vum Orchester vun eisem Lycée.
 
Am Stéck geet et em d’Swing-Jugend, déi sech wärend dem zweete Weltkrig a villen däitsche Stied zu der auslänneger Swing Musek bekannt huet an sech sou géint den Hitler Regime gestallt huet.
 
De Skript gouf geschriwwe vu jonke Leit aus der Theatergrupp “Artistekëscht vu Käl-Téiteng”. E grousse Merci u Si.
 
Fir de Publique gëtt d’Théaterstéck gespillt: 

– 14.05.24 ab 19:00

– 15.05.24 ab 19:00

– 16.05.24 ab 19:00

D’Stéck gëtt och fir d’Schüler*inne vum Cycle 4.2 gespillt:

– 15.05.24 ab 10:00

Reservéiert lo är Plaz:
☎️ 51 60 31 600
 
D’Tickéën si gratis. Et dierf een awer gär nom Stéck e kléngen Don maachen, fir d’Arbescht vun de Schüler*inne wäertzeschätzen.