Nei Memberen fir déi 2 Comitéen

Mir siche nei Membere fir de “Comité des professeurs”, wéi och fir de “Comité de l’Association du personnel du LNB”.

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Opgrond vun engem Récktrëtt an der Tatsaach, dass et zwee weidere Memberen net wäert méiglech sinn, d’nächst Joer nach eng Kéier unzetrieden, siche mir nei Membere fir de “Comité des professeurs”, wéi och fir de “Comité de l’Association du personnel du LNB”.

De Comité des Professer huet eng gesetzlech Grondlag an ass den Enseignantë virbehalen.

Eng Kandidatur fir de Comité vun der Associatioun ka jidder Member vum Personal vum Lycée stellen, soufern ee Member vun der Associatioun ass.

Mir wiere frou, wa méiglechst vill Kollegen sech géife bei de Membere vum aktuelle Comité mellen.

Mat kollegiale Gréiss,
Comité des professeurs
Comité de l’Association du personnel du LNB