Gidd ären ale Schoulbicher eng zweet Chance!
 
Dir kënnt vum 03. – 10.07. är al Schoulbicher, déi dir net méi braucht an d’Bibliothéik brénge fir dass e Schüler aus enger méi niddereger Klass d’Buch nach emol benotze ka.
 
Um Schoulfest, den 11.07.23 kënnt dir dann bei de Stand “Upbooking” kucke kommen, ob e Buch fir är Klass do ass.
 
Fir all Buch dat dir vun engem anere Schüler huelt, an dofir kee neit bestellt, kritt dir vun ärer Librairie e Bong vu 50 % vum Neiwäert vum Buch. Domat kënnt dir Iech da flott Romaner, Mangaen etc. kafe.
 
Maacht eppes fir d’Ëmwelt, är Matschüler an äre Portmonni an ënnerstëtzt des Campagne vum MENJE.