Help Ukraine!

Help Ukraine!
Help Ukraine! Mir wëllen als LNB eisen Deel dozou bäidroen, dass déi Leit, déi hiert Doheem hu musse vun haut op muer verloossen fir Schutz ze sichen, zumindest dat Allernéidegst hunn.   Hei fannt dir eng Lëscht mat Artikelen déi dréngend gebraucht ginn.   Iwwert déi nächst zwou Wochen sammele mir dës um Haaptsite an op der Alliance.   Den Transport vun de Saachen gëtt assuréiert vum Här Goslitski https://play.rtl.lu/shows/lb/journal/episodes/r/3280171 (Video ab der 4ter Minutt)         Read More

LNB Talks – Sexuell Belästigung

LNB Talks – Sexuell Belästigung
LNB Talks – Sexuell Belästigung E Freiden den 4ten Februar war den éischten LNB Talk am Lycée Nic-Biever. Dëss Serie vun Table Ronden gëtt organiséiert vum Schülercomité. Vir den éischten LNB Talk war d’Thema “Sexuell Belästegung”   Agelueden vir dëss Gespréichsronn waren: Dr. Mary FALTZ Mme Ana PINTO M. Guy OVERMANN, Police M. Charel SCHMIT, OKAJU Hei fannt dir den RTL Reportagen & Radio Auszuch iwwert eisen Event: https://www.rtl.lu/news/national/a/1857836.html Vir déi Leit déi um Mary Falz hirem Buch interesséiert sinn, kënnen et hei kafen: Grausam Verraten – Überleben von sexuellem Missbrauch und Krebs Mir wäerten d’Buch awer och geschwënn an eiser Schoulbibliothéik disponibel hunn.   Wann dir Hëllef braucht oder Froen hutt, kënnt dir Iech ënnert dësen Nummeren & Websäiten mellen: SEPAS LNB: Kanner & Jugendtelefon: www.kjt.lu Tel: 116111 Online Hëllef: www.kjt.lu/de/online-help Chatberodung: www.kjt.lu/de/chat-berodung Service Aide aux victimes: Actioun Bobby: Tel. 12321 Vir Kanner, Affer vu kierperlecher, psychescher oder sexueller Gewalt Service psychothérapeute pour jeunes: Croix Rouge: Tel. 495132 Ombudsman: www.ork.lu / www.kannerrechter.org/okaju/ Meedchershaus / Filles en détresse: Tel. 296565 Péitrusshaus: Tel. 80026002 www.peitrusshaus.lu Info-Viol: Tel. 495854 SOS Détresse: Tel. 454545     Read More

Plooschter Projet

Plooschter Projet
Den 9ten November kënnt d’Plooschter ASBL bei eis an de Lycéee vun 08:00 – 15:30. All 15 Minutten kritt z.B. an Däitschland een Mënsch d‘Diagnose: Bluttkriibs, eng Krankheet déi jiddereen kréien kann, ob SportlerIn, Collège, Frënn/Frëndin, Familljemember. Déi Krankheet ass dacks heelbar, mee vill vun hinnen brauchen fir kennen ze iwwerliewen eng Stammzellentransplantatioun. Dofir brauche mer DECH am Kampf géint den Bluttkriibs. Vläicht sinn genee DENG Stammzellen d‘Rettung fir een BluttkriibsPatient.   Critèren fir kennen STAMMZELLESPENDER ze ginn: Tëschent 18 a 40 Joer al sinn (16 a 17-järeg nëmmen mat Averständniserklärung vun den Elteren) Méi wéi 50kg weien Als Fra maximal 2 Schwangerschaften Gesond sinn (Een Gesondheetsformulaire ausfëllen) Lëtzebuerger bzw. Daitsch Nationalitéit/Wunnsëtz hunn Wann´s de d‘Critèren erfëlls, dann kanns DU op der Platz eng Bluttanalyse maache loossen. Domat kenns DU dann an déi weltwaït Datebank, an bass domat disponibel fir engem Mënsch mat Bluttkriibs eng Chance op d´Iwwerliewen ze ginn. Read More

Typesch Lëtzebuerg

Typesch Lëtzebuerg
Enn Abrëll huet d’Klass 4GSO2 aus dem LNB mat Graffiti Kräid am Schoulhaff Biller zum Thema “Typesch Lëtzebuerg” gemolt. Vun der Idee bis zum Schlussbild mat Ënnerstetzung vum Kënschtler Dan Contreras.   Hei e puer Ausschnëtter vun der Schüler hiren Usischten iwwert dese Projet an der Sprooch vun hierer Wiel: “Notre graffiti a une liaison avec la journée nationale, parce que notre dessin représente beaucoup de choses du Luxembourg, comme par exemple « Melusina ». Ce dessin montre aux personnes tout ce que le Luxembourg a à offrir.” “Avec les professeurs on a encore eu un peintre connu au Luxembourg nommé Dan qui est venu pour nous conseiller sur nos dessins et nous aider à les personnaliser et bien les peindre sur le sol. On a fait cela ensemble et avec des couleurs de graffiti et à la fin c’était une peinture tout à fait réussie qui a été fait par toute la classe et avec un peu d’aide des professeurs et du peintre Dan.” “Also de Projet huet mir wierklech ganz gutt gefall, et huet e gutt Gefill hannerlooss an dobäi hunn ech och nach nei Saache kennegeléiert.” “Den Projet typesch Lëtzebuerg war zimmlech flott aus menger Sicht. Mir hunn wärend puer Wochen missen Skizzen molen. (…) Nodeems ech eng Skizz um... Read More

Rentrée scolaire BTS Studenten

Rentrée scolaire BTS Studenten
BTS Digital Content: Rentrée vir d’Studenten vun eisem neien BTS Digital Content ass den 21. September 2021 Dir sidd interesséiert u Fotographie, Videographie, Webdesign, Soziale Medien, Marketing, Event & Management?   Dann ass eise neien BTS Digital Content eppes vir Iech. Dës BAC+2 Formatioun gëtt ab der Rentrée 2021/2022 am LNB ugebueden.   Hei léiert een iwwert: Medientechnologie Informatik an Internet Sproochen, Kommunikatioun & Organisatioun Ekonomie, Gestioun & Marketing D’Formatioun ass praxisorientéiert. Et léiert een ënner Form vu Workshops, Stagen bei Entreprisen a Coursen mat Leit aus dem Aarbechtsmilieu.   Méiglech Beruffsweeër: Administratiounen kleng & mëttelgrouss Entreprisen kreativ Entreprisen (z.B. Agence de Pub, Centre Culturel, Sociétés de production) >>> Dir kënnt är Froen iwwert de BTS un dëss Email schécken: .   Scant dëse QR Code vir méi Informatiounen iwwert de BTS Digital Content op eisem site bts.lnbd.lu ze kréien! Read More

Den LNB beim Relais pour la vie

Den LNB beim Relais pour la vie
Relais pour la vie (27. & 28. Mäerz 2021)     Dëst Joer wäert den Relais pour la Vie net an senger traditioneller Form stattfannen, mee an enger virtuell Form. Et dierf een a Corona Zäiten net vergiessen, dass et net nëmmen de Corona Virus gëtt, an dass mir ons nach ëmmer em déi Leit an hir Matmënschen suergen sollen, déi vum Kriibs betraff sinn.   Sief Deel vun der LNB Equippe Och bei enger virtueller Versioun derbäi ze sinn, beweist dass mir ons am LNBD zesummen staark maachen an sou en Zeechen vun Solidaritéit setzen. Déi virtuell Versioun bréngt och Virdeeler mat sech, well mir als Equippe vill méi flexibel sinn an kee méi an der Nuecht lafen muss. Mir mussen just am ganzen déi 24 Stonnen lafen/trëppelen/joggen/pedalléieren an dëst Joer gëtt et och kee Maximum u Leit an enger Equippe.   Mellt Iech un https://monespace.relaispourlavie.lu/participant/register/0cd255ae-26aa-4349-8064-ab96d9fd3d6f   Don maachen https://monespace.relaispourlavie.lu/trophees/2021/444   Weider Informatiounen fannt dir op https://www.relaispourlavie.lu/ Read More
1 3 4 5