Een Dag als Architekt.in an Ingenieur.in

Een Dag als Architekt.in an Ingenieur.in
Een Dag als Architekt.in an Ingenieur.in Den 20te Februar war den OAI (ordre des architectes et des ingenieures conseils) bei eis am Lycée am Kader vum Event „Een Dag als Architekt.in an Ingenieur.in” fir eise Schüler*inne d’Bauwiese méi no ze bréngen. Deelgeholl hu Schüler*inne aus de Klassen 3GIG, 2GIG, 3CB, 3CC, a nach 5 Schüler aus anere Gebaier). D’Schüler*inne konnten un 3 Workshops à 2 Stonnen deelhuelen, zu den Themen: Haustechnik/Bauphysik Architektur Bauingenieurswiesen (Statik) Wer von euch hat schon einmal ein Haus gebaut? Mit diesem einleitenden Impuls wurden die Schüler.innen und ihre Begleitlehrer im Lycée Nic-Biever in Dudelange eingestimmt auf einen Tag voller Erkenntnisse und Erfahrungen rund um die Professionen Bauingenieur, Haustechnikingenieur und Architektur Bei der morgendlichen Umfrage vor den Workshops des Projektes, wie sie sich den Berufsalltag vorstellen, dominierte der Begriff „Stressig“ klar die Aussagen der teilnehmenden Schüler.innen. „Kreativität“ lässt sich auch aus einigen Erwartungen zu dem Beruf herauslesen. Im Großen und Ganzen sind die Erwartungen, die die Schüler.innen an die Berufe haben, jedoch morgens vor Beginn noch recht verhalten. Wer schonmal ein Haus gebaut habe? Als Schüler.in doch (noch) nicht, oder? Erst mit dem Zeigen der LEGO-Packung eines Hauses gehen die Finger der Schüler.innen nach oben. Natürlich hatten... Read More

LNB Talks – Mobbing

LNB Talks – Mobbing
LNB Talks – Mobbing En Donneschden de 26. Oktober 2023 fënnt am LNB de nächsten LNB-Talk statt. Des Editioun dréit sech ganz em d’Thema Mobbing. D’LNB-Talks ginn organiséiert vum Lycée Nic-Biever an Zesummenaarbecht mat dem Schüler Comité an dem Eltere Comité.   LNB-Talk fir Schüler Moies fënnt vun 10:00 – 12:00 eng Table Ronde fir Schüler am Festsall vum LNB statt. Dëss wäert och iwwert e Livestream op eisem YouTube Kanal gewise ginn.     Bei der Table Ronde Moies mat dobäi sinn: de Mr. Tom Kugener, éducateur gradué an Anti-Gewalt an Deeskalatiounstrainer d’Mme Cecilia Gruber, Psychologin beim CePAS: psychologesch Interventioune bei Krisen am schoulesche Beräich, de Mr. Kevin Veiga, Ancien Schüler aus dem Lycée Technique Lalleng, dee ganz engagéiert ass am Beräich Mobbing an am gaangen ass eng ASBL zu dësem Thema ze grënnen.   Och present am Publikum sinn: de Mr. Xavier Girsch vum Service de Prévention vun der Police d’Mme Sandy Hansen, éducatrice graduée beim SePAS vum LNB d’Mme Jessica Scheiwen, Psychologin beim SePAS vum LNB   LNB-Talk fir Eltere Zousätzlech zur Table Ronde fir d’Schüler, fënnt Owes vun 19:00 – 21:00 eng Table Ronde zum Thema Mobbing fir d’Eltere statt. Den Entrée ass gratis.   Un... Read More

Soirées d’informations pour parents d’élèves

Soirées d’informations pour parents d’élèves
Soirées d’informations pour parents d’élèves   Lundi, le 16 octobre 2023 7P et 6P : 19h00 à l’Alliance   Mardi, le 17 octobre 2023 7C et 7G : 18h30 au site principal   Lundi, le 6 novembre 2023 5G : 19h00 au site principal 4C : 18h30 au site principal 5P, 5AD et ACCU : 19h00 à l’Alliance   Mardi, le 7 novembre 2023 6G, 6C et 5 : 19h00 au site principal 6C et 5C : 19h00 au site principal Read More

Summerschool 2023

Summerschool 2023
Summerschool 2023 Dest Joer fënnt déi 4t Editioun vun der Summerschool zu Lëtzebuerg statt. Se fënnt vum 04. – 08. September 2023 statt. D’Participatioun un der Summerschool ass fräiwëlleg a gratis.   Wat ass d’Summerschool? D’Summerschool ass eng Mesure fir méiglech schoulesch Retarden opzeschaffen. Et ginn ugebueden: Nohëllefscourse fir Schüler, déi een Noexamen am September hunn (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathé, Bio, Naturwëssenschaften, Chimie; Physik); Opfrëschungscoursë fir Schüler, déi schoulesch Retarden ophuele wëllen (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathé).   Wéi schreift een sech a fir d‘Summerschool am Lycée?  Schüler am Enseignement secondaire, oder Schüler, déi bei der Rentrée 2023 op der 7e ufänken, schreiwen sech direkt beim Sekretariat vum Lycée an. Dëst geschitt a Funktioun vun de fräie Plazen. Leschten Dag fir sech anzeschreiwen ass den 21. Juli 2023. Et gëtt keng extra Fiche d’inscription. Brengt einfach eng Carte d’identité mat fir d’Aschreiwung.   Wei gëtt d’Summerschool organiséiert? D’Summerschool fënnt an ëffentleche Lycéen, sou zum Beispill bei eis am LNB. D’Schüler kënnen sech fir maximal 2 Fächer aschreiwen. Fir all Cours sinn 10 Lektioune vu jee 50 Minutte virgesinn (Bléck vun 2 Lektioune). D’Coursë ginn gehal vun Enseignanten oder Unisstudenten. D’Schüler aus der Beruffsausbildung kënne u Coursë vun hiren Allgemengfächer... Read More

Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!”

Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!”
Theaterstéck “So, wéi schwäz du mat mer!” Den Theatergrupp vum LNB invitéiert Iech ganz häerzlech op d’Virstellung vum “So, wéi schwäz du mat mer!”   Den 8ten, 10ten an 11ten Mee féiert d’Theatergrupp vum LNB am Festsall vum Lycée hiert neit Stéck mam Numm “So, wéi schwätz du mat mer!” op.   An 11 ganz ënnerschiddleche Sketcher weisen d’Schülerinnen a Schüler aus der Theater-Acpta, wéi ënnerschiddlech Kommunikatioun fonctionéiert a wéi séier ee riskéiere kann, laanschteneen ze “schwätzen”, dëst souwuel op verbalem wéi nonverbalem Niveau.   Eng Rei vun de Stécker si souguer vun de Schülerinnen a Schüler selwer geschriwwe ginn. Loosst Iech dat net entgoen. D’Theaterstéck fënnt dest Joer och am Kader vum Mois du Respect statt, dee vun Ensemble Quartiers Dudelange, der Ville de Dudelange & Gender Equality – Dudelange am Mee organiséiert gëtt.     Reservéiert lo är Plaz: 51 60 31 600       Read More

BTS Bubble Soccer Tournoi

BTS Bubble Soccer Tournoi
BTS Bubble Soccer Tournoi D‘Klass vum BTS Digital Content organiséiert den 20. Dezember 2022 e Bubble Soccer Tournoi am Hall René Hartmann zu Diddeleng.   D‘Schüler vu 7e bis 1e kennen sech bis zum 12. Dezember als Equipe vu 4 Leit, um Site bubblesoccer.lnbd.lu aschreiwen.   D’Klassen, déi den 20. Dezember nach Cours hunn, mussen hier Proffen em Erlabnis froen, fir beim Tournoi matzemaachen.   All Schüler muss sech 1 bis 2 Pättere sichen, déi jeeweils minimum 5 € spenden. Den Don gëtt iwwer Payconiq mat der Mentioun op d’Telefonsnummer 691 720 461 iwwerwisen.   D’Suen déi erakommen ginn fir e gudden Zweck un d’Association Amensty International gespent.   🎁 D‘Gewënner kréien ee Cadeau 🎁 Read More

Diplomiwwerreechung 2022

Diplomiwwerreechung 2022
De 7. Juli 2022 kruten 109 Primaner aus dem Lycée Nic-Biever hiren Ofschlossdiplom, a Präsens vum Buergermeeschter Dan Biancalana, dem Här Marc Michely vum MENEJ, souwéi villen Enseignanten a Familljememberen, iwwerreecht    Mir gratuléieren a wënschen hinnen alles Guddes op hirem Wee. E grousse Merci och un d’Museker an eis Moderatoren déi dësen Owend sou schéin encadréiert hunn.     Read More
1 2 3 4 5